D'Englänner hu besonnesch an der 1. Hallschent eng ganz gutt Leeschtung gewisen a sech um Enn verdéngt mat 3:0 duerchgesat.

Den éischte Gewënner vum neie Format vun der Club-WM heescht Chelsea. An der Paus louchen d'Blues scho mat 3:0 géint PSG vir an hunn an der 2. Hallschent näischt méi ubrenne gelooss. De Cole Palmer war de Mann vum Match. Hien konnt zweemol selwer markéieren an huet ee Gol virbereet.

Et war e rouege Start an d'Partie an där Chelsea am Ufank méi staark war. Grouss Chancë gouf et awer net bis datt de Cole Palmer an der 22. Minutt den 1:0 fir d'Englänner markéiert huet. D'Fransouse waren an der Suite vum Rullo an Chelsea huet vun där Onsécherheet profitéiert. De Palmer konnt 8 Minutte méi spéit op 2:0 erhéijen. PSG huet keng Mëttel géint déi laang Bäll vun Chelsea fonnt. An der 43. Minutt war et nees de Palmer deen an Déift geschéckt gouf. No enger flotter Pass huet de Joao Pedro den 3:0 markéiert.

PSG ass méi staark aus der Paus komm an huet sech an den éischte 15 Minutten zwou gutt Chancen erausgespillt. De Sanchez am Gol vun Chelsea konnt awer zweemol paréieren. No där Drangphas vun de Fransousen ass Chelsea nees besser an d'Partie komm an den Delap hätt an der 68. Minutt bal de 4:0 markéiert. Den Donnarumma konnt de Ball awer a Corner deviéieren. De PSG huet an der Suite d'Käpp hänke gelooss a war deelweis frustréiert. De Joao Neves krut an der 85. Minutt déi rout Kaart gewisen, well en dem Cucurella un den Hoer gezunn hat. Chelsea huet an der Schlussphas d'Partie geréiert an um Enn verdéngt mat 3:0 gewonnen.