Dammefuttball duerch EM an der Schwäiz ëmmer méi beléift
D'Dammefuttball-EM an der Schwäiz ass zum grousse Publikumsmagnéit ginn. De Public Viewing um Glacis war bis elo net vill besicht.
D'Marta Estevez Garcia ass Futtballnationalspillerin a spillt fir de Racing. Si ass iwwerzeegt, dass den Dammefuttball ëmmer méi visibel an attraktiv gëtt, och wann nach Loft no uewen ass. Si ënnersträicht: "Et gëtt ëmmer méi gekuckt, et gëtt ëmmer méi geschwat doriwwer. Ech hoffen, dass dat esou weidergeet a weider klëmmt."
Public Viewing an der Stad ënner den Erwaardungen
De Public Viewing um Glacis gëtt organiséiert vun der Food-and-Fun-Organisation, en Zesummeschloss vun de Fussballveräiner aus der Stad. D’Resonanz wier wäit ënner dem, wat een sech erhofft hat. De Paul Lopes: "Mir hunn alles: Iessen, Gedrénks, DJen, souguer d’Pompjeeën an e flotte Kader um Glacis. Awer d’Leit feelen."
Op d'Partie Spuenien géint Däitschland ugeschwat sot déi gebierteg Spuenierin Marta Estevez Garcia:"Ech mengen et gëtt richteg kämpferesch. Spuenien huet en anere Stil wéi Frankräich, et ass méi Tiki-Taka-Stil, wou se méi passen a sou weider. Mee ech mengen, et gëtt awer en interessante Match, et gëtt e knappe Match an ech hoffen awer, dass Spuenien et zum Schluss gewënnt.“
Beim Männerturnéier zejoert waren heiansdo bis zu 12.000 Zuschauer um Glacis beim Public Viewing, e Bild, dat een dës Kéier net gesäit. Ee Grond kéint sinn, dass d'Matcher um 21 Auer ugepaff ginn, esou de Paul Lopes.Fir vill Leit wier dat net optimal.
Um Dënschdegowend war d'Halleffinall tëschent England an Italien. Ënnert de Fans och englesch Touristinnen, déi geziilt no engem Public Viewing gesicht haten an dunn op de Glacis komm sinn. D'Stëmmung ënnert de Fans wier awer flott gewiescht, och Spillerinnen aus dem ganze Land wiere kucke komm.
D'Marta Estevez Garcia ass frou, dass e Public Viewing organiséiert gëtt: "Dat weist, dass de Fraefussball och zu Lëtzebuerg méi unerkannt gëtt, dass méi Leit dat wëlle kucke goen an ech mengen, et ass ëmmer flott Public Viewing kucken ze goen, et ass ëmmer eng aner Ambiance wéi dann et doheem ze kucken, bon elo huet d'Wieder net matgespillt fir elo déi lescht Matcher, mee ech mengen, wann d'Wieder gutt wier an et waarm wier, da géifen och do vill Leit kucke goen an dat weist einfach, dass och ëmmer méi Leit Interesse hunn, fir déi Matcher a sech dann zesummesetzen an dat zesumme kucken."
Um Mëttwochowend steet déi zweet Halleffinall um Programm: Däitschland géint Spuenien. D’Dieren um Glacis ginn um 19 Auer op, an ab 19.30 Auer leet en DJ op.
De kompletten Interview mam Marta Estevez Garcia
Den CGDIS huet e Stand, esou wéi de Service Voirie.
Follgend Futtball Veräiner aus der Stad Lëtzebuerg hëllefen: FC Luxembourg City, FC Tricolore Gasperich, Avenir Beggen, FC Red Star Merl, FC Red Black Pfaffenthal + ALS