Wéi d'Schwammfederatioun matdeelt, huet d'Emma Barthel hiren eegenen nationale Rekord iwwer 200 Meter Brasse gebrach.

Dës Leeschtung huet d'Schülerin aus dem Sport Lycée bei den EYOF (European Youth Olympics Festival) 2025 gewisen an ass an der Zäit vu 2:36.45 op eng gutt 6. Plaz geschwommen. Beim Euro Meet am Februar hat déi zu deem Zäitpunkt 14 Joer jonk Sportlerin no 2:37.13 ugeschloen an deemools schonn en neien nationale Rekord iwwer 200 Meter Brasse opgestallt.