Déi 20. Olympiad vum Vollekssport ass zu Lëtzebuerg

V.l.r.: Emil Dannemark, Secrétaire IVV, Georges Kintziger, Secrétaire Général FLMP, Romain Buschmann, Président Comité d’Organisation et FLMP, Georges Mischo, Ministre des Sports, Paul de Jager, Vice-Président FLMP / © IVV. Olympiade 2027
Vum 16. bis den 19. Juni kënnen d'Participanten un net-kompetitive Sportsaktivitéiten am Schwammen, Vëlofueren a Spadséieren deelhuelen.
Zënter hirer Grënnung am Joer 1968 engagéiert sech déi International Federatioun fir Vollekssport (IVV) fir Sportaktivitéiten, déi fir jiddereen op sinn - ouni Leeschtungsdrock, ouni Zwang. An der IVV si mat der Lëtzebuerger Federatioun vun der Marche Populaire (FLMP), der Lëtzebuerger Schwamm Federatioun (FLNS) an der Lëtzebuerger Vëlo Federatioun (FSCL) dräi Lëtzebuerger Verbänn vertrueden. D’Olympiad, déi all zwee Joer an engem Memberland organiséiert gëtt, dréit dës Philosophie weider. No den Editiounen an den USA (2023) an a Finnland (2025) ass Lëtzebuerg elo un der Rei, fir 2027 déi symbolesch 20. Editioun ze organiséieren. Den zentrale Standuert gëtt d’Coque an d’Aktivitéite féieren och op verschidden UNESCO-Weltkulturierwen-Sitte wéi an d'Stad Lëtzebuerg, de Mëllerdall an an de Minett.
De Romain Buschmann, President vum Organisatiounscomité, ass houfreg déi 20. Editioun dierfen ze organiséieren: "D’IVV-Olympiad steet fir Wäerter wéi Inclusioun, Respekt, Gesondheet a Mateneen. Wäerter, déi ganz staark an eiser Gesellschaft verwuerzelt sinn. No dem internationale Motto: Eng IVV-Olympiad ass fir all Generatiounen ouni Kompetitioun, ouni Drock an ouni Ranglëscht.“
Erwaart ginn Dausende vu Participanten aus iwwer 30 Länner, déi zesumme kommen, fir duerch Spadséieren, Vëlofueren a Schwammen déi gemeinsam Freed un der Beweegung ze feieren. Dat am Geescht vu Fridden, Gesondheet, Zesummeliewen a kultureller Offenheet.
D’Olympiad ass fir jiddereen: Jonk a manner Jonk, Sportler a Familljen, Senioren, Leit mat enger Behënnerung oder einfach all déi, déi Loscht hunn, sech ze beweegen a Mënschen aus anere Kulturen ze begéinen. Et gëtt keng Zäitmiessung, keng Reiefolleg – d’Participatioun eleng zielt schonn als Erfolleg.
Déi dräi Federatioune FLMP, FSCL a FLNS, setzen op e laangfristege Message: D’Olympiad soll d’Leit encouragéieren, fir Spadséieren, Schwammen a Vëlofueren als Bestanddeel vun engem gesonden a liewensfroue Liewen an hiren Alldag ze integréieren.
En diversifizéierte Programm fir jiddereen
Iwwer fënnef Deeg vum 16. bis den 19. Juni 2027 offréiert d’IVV-Olympiad 2027 zu Lëtzebuerg e breede Spektrum u Sportaktivitéiten: Wanderweeër vun 3 bis 42 km, Vëlostier tëschent 25 a 50 km, Schwammen an der olympescher Schwämm vun der Coque, mat Distanze vu 300 bis 500 Meter. De Programm ass fir all Alters- a Fitnessniveau zougänglech a gëtt ergänzt duerch kulturell, musikalesch a gesondheetsorientéiert Animatiounen.
De Sportsminister Georges Mischo: „D’IVV-Olympiad illustréiert eise Wëllen, de Sport als Instrument fir Inclusioun a Nohaltegkeet ze notzen. Si weist och, wat Lëtzebuerg alles ze bidden huet, esouwuel kulturell wéi och sportlech.“
Speziell Evenementer wéi d’Junior-Olympiad fir Kanner, de Business Challenge fir Entreprisen, eng Senioren-Olympiad an en interkulturelle Familljendag fir jonk a manner jonk ronnen de Programm of.
D’Umeldunge sinn op ënner www.ivv-olympiade2027.lu.