De kolumbianesche Futtballspiller gouf e Mëttwoch de Moien offiziell un der Säbener Straße zu München virgestallt.

Aus dem däitsche Futtball kënnt d’Nouvelle, datt de Luiz Diaz vum FC Liverpool fir ronn 75 Milliounen Euro bei den FC Bayern München wiesselt. Den 28 Joer jonken Offensiv-Allrounder ënnerschreift ee Kontrakt bis 2029 beim Rekordmeeschter.

Donieft soll och den Thomas Müller een neie Veräin fonnt hunn. Wéi däitsch Medie melle stéing de 35 Joer alen Däitsche kuerz virun engem Wiessel bei d’Vancouver Whitecaps an déi amerikanesch MLS.