D'Lëtzebuerger Indiaca-Nationalekipp preparéiert sech op d'WM an Estland
Vum 4. bis den 10. August ass zu Tartu an Estland déi 7. Indiaca-Weltmeeschterschaft. Och Lëtzebuerg wäert hei vertruede sinn.
25cm laang ass de faméisen Indiaca-Fiederball, dee mat der flaacher Hand iwwer d'Netz op d'Spillfeld vum Géigner geschloe gëtt. Den een oder anere kennt Indiaca eventuell nach aus dem Schoulsport, mee e just dorobber ze reduzéieren, gëtt der Sportaart net gerecht. D'Kompetitivitéit an d'Beléiftheet vum Indiaca wuesse konstant.
An der Sportshal zu Useldeng preparéiere sech d'Lëtzebuerger Dammen op d'WM am estlänneschen Tartu a ginn dobäi alles. Taktik, Reaktioun, Vitess an Technik ginn hei intensiv trainéiert. Den Dammennationaltrainer Marc Burelbach erkläert eis, wat et mam Sport op sech huet:
"Et ass am Fong eng Sportaart, déi originär aus Südamerika kënnt, aus Brasilien, quitt dass se do haut eigentlech net méi sou praktizéiert gëtt. Et kann een et bësse mat Volleyball vergläichen, dat heescht, et ass e Réckschlagspill. Et steet een zu 5 um Terrain an et geet halt drëm, de Ball net op de Buedem kommen ze loossen"
Gespillt gëtt bei der WM an insgesamt 6 Kategorien: Hären, Dammen, Mixte an dat selwecht nach eemol bei de Senioren. De Lëtzebuerger Palmarès am Indiaca aus deene leschte Jore ka sech dobäi weise loossen: Bei der WM 2008, déi zu Ettelbréck ausgedroe gouf, konnten d’Häre Weltmeeschter ginn, e weidere Championstitel gouf et 2022 an der Kategorie vun de Seniors Mixtes. Ambitiounen huet een och fir dëst Joer, mee trotzdeem wëll een och realistesch bleiwen, erkläert d'Spillerin Karin Moelee, fir dat et schonn déi insgesamt drëtt Participatioun un enger WM wäert sinn:
"Mir hunn eng recht nei Ekipp. Vun der leschter WM op elo gesinn, si vill Leit ofgesprongen, nei Leit mat dobäi. D’Motivatioun ass zum Gléck do, dat ass ganz wichteg. An ech mengen dat Wichtegst ass, dass mer zesumme Spaass hunn an einfach kucken, esou wäit wéi méiglech ze kommen."
Eng éischte Kéier bei enger Weltmeeschterschaft dobäi ass d’Anna Gerson, dat mat 19 Joer dat Jéngst aus der Ekipp ass. Den Indiaca huet d’Anna schonn zanter Klengem un am Blutt a ka sech e Liewen ouni, net wierklech virstellen:
"U sech, ech kenne mäi Liewen net ouni Indiaca, well ech domat opgewuess sinn. Et ass bei eis am Club bësse sou wéi eng grouss Famill an dowéinst ass et dann och schwéier ze soen, ech géif net an den Indiaca goen. En anere Sport géif ech mer och net wierklech rauswielen, ech hunn eng Zäit Volleyball gespillt, do hunn ech awer och opgehalen. Mee den Indiaca ass awer nach ëmmer en Haaptbestanddeel vu mengem Liewen."
Bei dëser WM dobäi ze sinn, ass fir déi jonk Spillerin e ganz besonnescht Gefill:
"Et ass ee stolz, et ass ee frou. Et ass een och stolz, säi Land kënnen ze vertrieden. An et kann ee soen, dass een eng WM gespillt huet, wat och net an all Sportaart méiglech ass, wat den Indiaca awer méiglech mécht."
D'Lëtzebuerger Delegatioun wëll zu Tartu nees mat ëm WM-Titel kämpfen. Ëmmerhin zielt een zu enger vun de méi renomméierten Indiaca-Natiounen. Lëtzebuerg ass den aktuelle Weltmeeschter an der Kategorie Mixte Senior (Ü40), Vize-Weltmeeschter an der Kategorie Men Senior (Ü40), wéi och den aktuelle Bronzemedailegewënner an der Kategorie Men Open. Dës Resultater konnten op der leschter Weltmeeschterschaft am Joer 2022 hei zu Lëtzebuerg an der Coque erziilt ginn.
Den éischte Weltmeeschtertitel huet Lëtzebuerg iwwerdeems am Joer 2008 an der Kategorie Men Open gewonne.
Déi éischt Matcher zu Tartu ginn de 6. August gespillt. An den eenzele Kategorië muss sech Lëtzebuerg géint Länner wéi Estland, Däitschland, d’Schwäiz, d’Belsch a Japan beweisen. No de Qualifikatiounsronne stinn den 8. August d’Halleffinallen an den 9. d’Finallen um Programm. Méi Infoen iwwert den Indiaca zu Lëtzebuerg, fannt Dir um Site vun der Indiaca-Federatioun op indiaca.lu.