No 17 Joer beim FC Bayern
Thomas Müller wiesselt bei d'Vancouver Whitecaps

© SID/FEDERICO PARRA
Dat hunn den MLS-Club an de Rekordspiller vun de Bayern an engem Video op Instagram offiziell matgedeelt.
"Whitecaps, loosst eis Geschicht schreiwen", esou de 35 Joer ale Müller. Hie kritt deemno e Kontrakt fir bis Enn vun dëser Saison mat enger Optioun op eng weider Saison 2026. De Wiessel an déi nordamerikanesch Profiliga hat sech schonn zanter Wochen ugedeit.
Fir den FC Bayern stoung den Thomas Müller insgesamt 756 Mol um Terrain an huet dobäi 250 Goler geschoss. Insgesamt konnt hie mam däitsche Rekordmeeschter 33 Titele gewannen, dovunner 13 mol den däitsche Championnat, sechsmol d'Coupe an zweemol d'Champions League.
Am meeschte gelies