Réckbléck op dem Luc Holtz seng Zäit als Nationaltrainer
E Méindeg ass de 56 Joer alen Trainer vu sengem Poste bei de Roude Léiwen zeréckgetrueden. En Dënschdeg gouf hie bei Waldhof Mannheim virgestallt.
15 Joer laang stoung de Luc Holtz bei der FLF-Selektioun an der Responsabilitéit. Bannent dëser Zäit konnt hie sou munch Succèse feieren. Insgesamt goufen et 33 Victoiren, 29 Remisen an 82 Defaiten. Mat dem Rekord vun 144 Matcher stoung de Luc Holtz als Nationaltrainer un der Säitelinn an hien ass nom Paul Philipp am längsten am Amt gewiescht.
Nodeems de Guy Hellers am Joer 2010 als Nationaltrainer zeréckgetrueden war, huet sech déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun fir een interne Successeur decidéiert. De Choix ass deemools op de Luc Holtz gefall, dee fir d’éischt interimsweis d’Rout Léiwe betreit huet. Duerno stoung de gebiertegen Ettelbrécker dunn als Dauerléisung fest.
Dem 56 Joer ale gebiertegen Ettelbrécker säin éischte Optrëtt als Nationaltrainer war bei der 1:5-Defaite am August 2010 am Frëndschaftsmatch auswäerts a Wales. Op déi éischt Victoire ënnert der Ära Luc Holtz hunn déi Lëtzebuerger Supporter 6 Méint misse waarden. Beim legendäre Frëndschaftsmatch géint d’Slowakei am Stade Josy Barthel gouf et am Niwwel duerch zwee Goler vum Dan Da Mota eng 2:1-Victoire. Een éischten Indice fir de sportleche Progrès.
Ënnert der Leedung vum Luc Holtz goufen et e puer Momenter, déi de Supporter vun de Roude Léiwe sécherlech am Kapp hänke bliwwe sinn. Sou zum Beispill déi 3:2-Victoire an der leschter Minutt am September 2013 géint Nordirland.
Och den 0:0-Remis am September 2017 zu Toulouse géint Frankräich gehéiert sécherlech zu deene gréisste Momenter an der Geschicht vum Lëtzebuerger Futtball.
Déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp huet sech wärend der Ära Luc Holtz futtballeresch weiderentwéckelt. Déi Zäite vun defensivem Ziddere waren eriwwer. Vill Wäert gouf op attraktiven offensive Futtball geluecht. Spiller wéi Jans, Martins oder Barreiro sinn op déi grouss international Bün komm an hunn och duerch d’Zesummenaarbecht mam Luc Holtz, de Sprong an de Profi-Beräich gepackt.
Et goufen awer och ëmmer rëm sportlech manner schéi Momenter, wéi zum Beispill déi batter 0:9-Defaite 2023 zu Faro géint Portugal. An awer huet d’FLF-Selektioun mam Luc Holtz un der Spëtzt sou munch Rekorder geknackt. Sief dat déi 11 Punkten an der Nations League 2022, déi nëmmen nach vun deene 17 Punkten an der EM-Quali 2023 iwwertraff goufen. Den Héichpunkt war den historeschen Nations-League-Playoff a Georgien Ufank 2024. Den Dram vun der Europameeschterschaft an Däitschland ass deemools batter zerplatzt.
Vun do u goufen et awer sportlech manner gutt Resultater. Ëmmer rëm goufen et Niewegeräischer nieft dem Terrain. Ënner anerem déi rezent Affäre ronderëm de Gerson Rodrigues, wéi och déi ronderëm de Quotidien-Journalist Julien Mollereau.
Déi lescht Victoire ënnert dem Luc Holtz als Nationaltrainer gouf et Enn Mäerz dëst Joer géint Schweden. Déi lescht zwee Frëndschaftslännermatcher goufen et ëmmer rëm Manifestatioune géint d'Selektioun vum Gerson Rodrigues. Ee leschten éischter manner gudden Akt vun der 15 Joer laanger Ära Luc Holtz.