Nürnberg an Hannover goufen am DFB-Pokal an der éischter Ronn eliminéiert. Hamburg a St. Pauli hate Krämpes, fir an déi nächst Ronn ze kommen.

Nodeems Bremen e Freideg schonn an der 1. Ronn vum DFB-Pokal vu Bielefeld eliminéiert gouf, blouf dëst Schicksal engem weidere Bundesligist um Samschdeg erspuert a generell gouf d'Hierarchie respektéiert; bis op Nürnberg an Hannover. Am däitsche Supercup treffen den Owend de Coupegewënner Stuttgart an de Meeschter Bayern München openeen.

An England, Spuenien a Frankräich stinn dëse Weekend déi éischt Matcher vun der neier Saison un. E Freideg hate sech Liverpool a Rennes déi éischt Punkte geséchert.

An der hollännescher Eredivisie koum et zu engem historesche Moment. De 15 Joer jonke Jadiel Pereira da Gama vum PEC Zwolle koum an de leschte Minutte vum Match géint Telstar Velsen op den Terrain. Hien ass mat 15 Joer an 243 Deeg de jéngste Spiller, dee bis elo an der Eredivisie um Terrain stoung. Zwolle huet de Match 2:0 gewonnen.

DFB-Pokal

Den Hamburger SV ass no 7 Joer nees zeréck an der Bundesliga, bleift senger Gewunnecht, fir an der Coupe fir Spannung ze suergen, awer trei. Géint den FK Pirmasens huet de Bundesliga-Opsteiger 120 Minutte gebraucht, fir sech 2:1 beim Oberligist aus Rheinland-Pfalz duerchzesetzen. Pirmasens war an der 53. Minutt a Féierung gaangen an et hu just 4 Minutte fir déi grouss Sensatioun gefeelt. Kuerz virum Ofpëff konnt den HSV den Ausgläich schéissen a koum an der Verlängerung géint midd Pirmasenser zu sengem zweete Gol.

Och den anere Bundesligist vun Hamburg, den FC St. Pauli, hat Krämpes. Am Derby géint Eintracht Norderstedt aus der Regionalliga hu sech d'Hamburger eréischt am Eelefmeterschéissen 2:3 duerchgesat, nodeems et no 120 Minutten 0:0 gestanen hat. De Lëtzebuerger Danel Sinani stoung de ganze Match iwwer fir St. Pauli um Terrain an huet och ee vun den Eelefmeteren erageschoss.

Mat Nürnberg ass déi éischt méi héich klasséiert Ekipp um Samschdeg ausgescheet. Am Duell géint den FV Illertissen aus der Regionalliga Bayern stoung et no 120 Minutten 3:3, sou musst d'Decisioun am Eelefmeterschéisse falen. Hei konnt sech Illertissen 4:3 duerchsetzen a steet domat als bis elo eenzege Regionalligist an der nächster Ronn. Den entscheedenden Eelefmeter fir Illertissen huet de Lëtzebuerger Clayton Irigoyen erageschoss.

An den anere Matcher konnt sech jeeweils déi besser klasséiert Ekipp behaapten, deelweis och kloer: 
Sandhausen - Leipzig: 2:4
Hemelingen - Wolfsburg 0:9
Rostock - Hoffenheim 0:4
Bahlinger SC - Heidenheim 0:5
BFC Dynamo - Bochum 1:3 n. V.
Cottbus - Hannover 1:0
Lotte - Freiburg 0:2
Lübeck - Darmstadt 1:2

Franz Beckenbauer Supercup

VfB Stuttgart - FC Bayern München 1:2
0:1 Kane (18'), 0:2 Diaz (77'), 1:2 Leweling (90'+4)

Den éischten Titel an Däitschland fir dës Saison geet un den FC Bayern München. Si setze sech iwwer wäit Strecke verdéngt géint Stuttgart duerch. D'Bayern haten de bessere Start a konnte séier dovu profitéieren. De Kane krut de Ball vum Géigespiller ongewollt perfekt zerwéiert an huet en aus 17 Meter eragesat. München hat weider seng Méiglechkeeten, mee och Stuttgart huet de Wee Richtung Gol gesicht a fonnt; den Neuer huet zwee Mol an héchster Nout agräife mussen.

Den Ufank vum zweeten Duerchgang war gepräägt vu ville klenge Fouls an Nicklegkeeten - den Arbitter hat all Hänn voll ze dinn an huet vill Kaarte verdeelt. Bis an d'70. Minutt kruten d'Spectateure more Kascht gebueden, mee duerno huet Stuttgart nees op sech opmierksam gemaach an den Neuer zu enger Parad gezwongen. Genee an dëser Phas ass den zweete Gol fir d'Bayern gefall. Den Treffer an der Nopspillzäit fir d'Lokalekipp koum ze spéit.

LIGA Portugal

Estrela - Benfica Lissabon 0:1
0:1 Pavlidis (60', Eelefmeter)

Am Portugisesche Championnat ass Benfica Lissabon mam Lëtzebuerger Leandro Barreiro mat enger Victoire an d'Saison gestart. Auswäerts gouf et eng 1:0-Victoire géint Estrela. Den decisive Gol huet de Pavlidis an der 60. Minutt vum Punkt markéiert. De Barreiro ass kuerz viru Schluss an der 87. Minutt agewiesselt ginn.

Premier League

Tottenham - Burnley 3:0
1:0 Richarlison (10'), 2:0 Richarlison (60'), 3:0 Johnson (66')

No der knapper Néierlag ënnert der Woch am UEFA Supercup géint Paräis ass Tottenham mat engem Succès an déi nei Premier-League-Saison gestart. Och wann de Richarlison no 10 Minutten de Ball am Filet ënnerbrénge konnt, war et eng gläichwäerteg éischt Hallschent vu béiden Ekippen. Burnley huet ëmmer nees fir Iwwerraschunge gesuergt, d'Lokalekipp hat méi Ballbesëtz. De Brasilianer Richarlison konnt mat engem wonnerschéine Fallréckzéier säin zweete Gol markéieren. Burnley huet weider u sech gegleeft, mee nom drëtte Géigegol war d'Loft eraus.

Wolverhampton - Manchester City 0:4
0:1 Haaland (34'), 0:2 Reijnders (37'), 0:3 Haaland (61'), 0:4 Cherki (81')

Manchester City ass mat enger klorer Victoire an déi nei Saison gestart. Mam Reijnders an Cherki hu souguer zwee Neizougäng getraff. Ausserdeem huet den Haaland zwee Mol getraff. Virun der Partie hunn d'Spectateure vu Wolverhampton un de verstuerwenen Diogo Jota erënnert, dee fréier fir d'Wolves gespillt huet. Domat steet ManCity provisoresch op der éischter Plaz.

Ligue 1

RC Lens - Olympique Lyon 0:1
0:1 Mikautadze (45'+1)

Nodeem sech Lyon d'Participatioun fir d'Saison 2025/26 an der Ligue 1 eréischt a leschter Minutt bei der DNCG erstridden hat, konnt d'Ekipp vum Trainer Fonseca mat engem Erfollegserliefnis an déi nei Saison starten.

AS Monaco - AC Le Havre 3:1
1:0 Lloris (32', Eegegol), 2:0 Dier (61'), 2:1 Ndiaye (67'), 3:1 Akliouche (74')

La Liga

RCD Mallorca - FC Barcelona 0:3
0:1 Raphinha (7'), 0:2 Ferran Torres (23'), 0:3 Yamal (90'+4)

Den FC Barcelona war de klore Favorit an ass mat enger verdéngter Victoire an déi nei Saison gestart. Op Mallorca goungen d'Katalane fréi a Féierung, mee haten uschléissend Gléck, dass d'Lokalekipp den Ausgläich, dee verdéngt gewiescht wär, net realiséiere konnt. Den zweete Gol vum Torres hat e Geschmäckle, well e mallorquinesche Spiller um Buedem louch, de Match awer weidergoung. Weider huet Barcelona dovu profitéiert, dass si nach virun der Paus mat zwee Mann méi um Terrain stoungen. Dat hunn d'Gäscht am zweeten Duerchgang clever ausgespillt an um Enn nach en drëtte Gol dropgesat.