US OpenOut fir de Chris Rodesch an der 1. Qualifikatiounsronn

RTL Lëtzebuerg
Bei sengem Debut op de US Open huet sech de Chris Rodesch misse géint de Coleman Wong vun Hongkong geschloe ginn.
© Raul ARBOLEDA / AFP

Am Tennis stoung fir de Chris Rodesch e Méindeg den 1. Qualifikatiounsmatch bei de US Open um Programm. Géint de Coleman Wong vun Hongkong huet hien an zwee Sätz mat 4:6 an 2:6 de Kierzere gezunn an ass domadder eliminéiert.

De 24 Joer ale Lëtzebuerger Tennisspiller ass aktuell d’Nummer 159 an der Weltranglëscht an domat aacht Plaze besser am ATP-Ranking klasséiert wéi säi Géigner.

Back to Top
CIM LOGO