Patrizia van der Weken a Ruben Querinjean um Depart

© Roland Miny
E Freideg trëfft sech d'Weltelitt vun der Liichtathletik zu Bréissel. 2 Lëtzebuerger si mat um Depart, an net ouni Chancen.
E knappe Mount virum Ufank vun der Liichtathletik-Weltmeeschterschaft a Japan ass e Freideg den zweetleschte Meeting vun der Diamond League fir dëst Joer. Den optimalen Zäitpunkt, fir d'Form ze testen an d'Konkurrenz z'observéieren. Zu Bréissel si vill Athleten um Depart, déi zur Weltelitt gehéieren.
D'Patrizia van der Weken trëfft op grouss Konkurrenz
Am Stade Roi Baudouin wäerten d'100 Meter bei den Dammen exzellent besat sinn. Déi lieweg Legend Shelly-Ann Fraser-Pryce, dräifach Olympiagewënnerin an zéngfach Weltmeeschterin, trëfft an hirer fënnefter Participatioun zu Bréissel op staark amerikanesch Konkurrenz. Nieft der Jamaikanerin, déi mat 10,72 Sekonnen nach ëmmer de Rekord vum Meeting hält, sinn d'Melissa Jefferson-Wooden (Weltbescht vum Joer mat 10,65 Sekonnen), d'Maia McCoy an d'Sha'Carri Richardson um Depart. Aktuell Nummer 12 am Weltranking ass d'Lëtzebuergerin Patrizia van der Weken, déi an dëser Saison schonn 11,05 Sekonne gelaf ass. D'Finall iwwer 100 Meter bei de Fraen ass fir 20.45 Auer ugesat.
De Ruben Querinjean bréngt e WM-Titel mat
Kuerz virdrun, um 20.29 Auer, ass et d'Finall iwwer 3.000 Meter Steeple. De Lëtzebuerger Ruben Querinjean ass gemellt, an trëfft op staark international Konkurrenz. Bei de Studenteweltmeeschterschaften Ufank dës Mounts konnt hien d'Goldmedail gewannen, an hofft, dass deen Titel him zousätzlech Motivatioun an Energie wäert ginn. Déi international Konkurrenz wëllt sech, grad sou wéi de Querinjean, op d'WM preparéieren an de Bols fille bei de Géigner. Fir de Leefer, deen déi lëtzebuergesch an déi belsch Nationalitéit huet, ass et en plus eng Aart Heemspill.