De French Open-Gewënner Carlos Alcaraz steet no senger Victoire géint den Novak Djokovic fir d'zweete Kéier an der Finall vun de US Open am Tennis.

Den 22 Joer ale Spuenier huet sech an der Halleffinall géint de serbesche Rekord-Grand-Slam-Gewënner souverän mat 6-4, 7-6 a 6-2 duerchgesat an trëfft e Sonndeg den Owend op déi aktuell Nummer 1 am Härentennis Jannik Sinner aus Italien. Deen huet mat 6:1, 3:6, 6:3 a 6:4 géint de Félix Auger-Aliassime gewonnen.

Et ass iwwregens fir d'éischte Kéier zanter 2017, datt den Novak Djokovic et a keng vun de Finalle vun de véier Grand Slamme gepackt huet.

Dogéint ass et déi drëtte Kéier, dass et dëst Joer zu Finall tëscht dem Alcaraz an dem Sinner bei enger Major-Finall kënnt, dat no de French Open a Wimbledon. De Sinner war iwwerdeems an all Finall, och bei den Australian Open, déi hie gewonnen hat, grad ewéi Wimbledon. D'French Open goungen un den Alcaraz.

Um Samschdeg scho spillen d'US-Amerikanerin Amanda Anisimova an d'Titelverdeedegerin aus Belarus Aryna Sabalenka bei den Dammen ëm den Titel.