An der Premier League huet Liverpool domadder weiderhin de Maximum vun de Punkten. En 2:2-Remis gouf et tëscht Brighton an Tottenham.

A Spuenien konnt Real Madrid och déi 5. Partie vun der Saison gewannen.

An der Bundesliga huet Bayern ënner anerem zu Hoffenheim mat 4:1 gewonnen. Juventus koum an der Serie A zu Verona net iwwer en 1:1-Remis eraus.

Premier League

Liverpool - Everton 2:1
1:0 Gravenberch (10'), 2:0 Ekitiké (29'), 2:1 Gueye (58')

Liverpool huet am Merseyside-Derby dominant ugefaangen. Schonn no 10 Minutten huet de Gravenberch den 1:0 markéiert. D'Reds si weiderhin um Drécker bliwwen an hunn an der 29. Minutt de Virsprong duerch den Ekitiké verduebelt. D'Gäscht hate bis dohin näischt ze gutt. Nom Säitewiessel ass Everton besser an de Match komm a konnt an der 58. Minutt den Uschlossgol duerch de Gueye markéieren. Dominanz vu Liverpool war gebrach, d'Gäscht konnten dat awer net ausnotzen. Richteg geféierlech gouf et bis zum Schluss net méi viru béide Goler, esou datt Liverpool no 5 Matcher de Maximum vu 15 Punkten huet.

Brighton - Tottenham 2:2
1:0 Minteh (8'), 2:0 Ayari (31'), 2:1 Richarlison (43'), 2:2 van Hecke (82', Selbstgol)

An der 1. Hallschent war et eng ausgeglache Partie zu Brighton. D'Heemekipp huet awer méi aus de Golgeleeënheete gemaach. De Minteh an den Ayari konnte Brighton mat 2 Golder a Féierung bréngen. Tottenham huet awer reagéiert a kuerz virun der Paus den 1:2 markéiert. Och no der Paus ass et spannend bliwwen an de Gäscht ass 8 Minutte viru Schluss den Ausgläich gelongen. Et war de Schlusspunkt an enger animéierter Partie.

ManU - Chelsea (18:30 Auer)

Serie A

Hellas Verona - Juventus 1:1
0:1 Conceicao (19'), 1:1 Orban (44', Eelefmeter)

Eng flott Partie hunn d‘Spectateure vun Ufank un zu Verona gesinn. Juventus hat méi vum Match, Verona huet sech awer net nëmmen hannendra gestallt. De Favorit sollt duerch de Conceicao no knapp 20 Minutten a Féierung goen. D’Heemekipp huet kuerz virun der Paus mat engem Eelefmeter ausgeglach. An der 2. Hallschent war et méi roueg an et goufen eng Rei Wiesselen op béide Säiten. D’Gäscht koumen net méi an d’Spill a Verona an gutt Chancen op den 2:1. D’Heemekipp huet se awer net genotzt, esou datt et um Enn beim 1:1-Remis blouf.

La Liga

Real Madrid - Espanyol Barcelona 2:0
1:0 Militao (22'), 2:0 Mbappé (47')

Espanyol konnt an der 1. Hallschent mam grousse Favorit mathalen, den eenzege Gol sollt awer fir de Real falen. De Militao huet seng Faarwen a Féierung bruecht. Direkt nom Téi huet den Mbappé den 2. Gol markéiert. Dëse Virsprong ass de Kinneklechen duergaange, fir d'Partie fir sech ze entscheeden.

Alaves - Sevilla (18:30 Auer)