E Samschdeg den Owend war et souwuel bei den Hären wéi och bei den Dammen den Optakt an déi nei Volleyball-Saison. 

Hären

No 4 Doubléstitelen an deene leschte 4 Joren ass d'Stroossen wuel och dës Saison de grousse Favorit. Ekippe wéi Bartreng, Luerenzweiler a Fenteng laueren awer op hier Chancen. Déi komplett Virschau op de Volleyball-Championnat bei den Häre kënnt dir hei nach emol duerchliesen.

Stroossen huet sech um 1. Spilldag dann och doheem keng Bléisst ginn, a gewënnt an 3 Sätz (25:14, 25:13, 25:15) däitlech géint Iechternach. De Volley Bartreng gewënnt och mat 3:0 (25:11, 25:16, 26:24), dat auswäerts géint Esch. Virun allem den drëtte Saz war immens serréiert, Esch huet dësen awer knapps mat 24:26 verluer.

Eng däitlech 3:0 (25:13, 25:16, 25:20) Victoire gouf et och fir Dikrech géint Amber-Lënster.

Am leschte Match vum éischte Spilldag kritt et e Sonndeg de VC Fenteng am Spëtzematch direkt mam VC Luerenzweiler ze dinn.

Dammen

Nom Doublé an der leschter Saison konnten Damme vu Mamer leschte Weekend och de Supercup fir sech entscheeden. Dat weist, dass och an der neier Saison de VC Mamer Ambitiounen huet, hier zwee Titelen ze verdeedegen. Déi komplett Virschau op déi nei Saison bei den Damme fannt dir hei.

Mamer huet sech ganz däitlech mat 3:0 (25:13, 25:12, 25:7) géint Iechternach duerchgesat.

Spannend war et zu Esch. Hei konnte sech Damme vum VBC mat 3:0 géint Bartreng behaapten. Virun allem déi éischt 2 Sätz waren immens serréiert, wou et och hätt kéinten aneschters ausgoen. Um Enn behalen déi Escher Dammen awer d'Nerven a setze sech duerch.

Stengefort verléiert mat 0:3 (12:25, 17:25, 20:25) géint de Gym.

E Sonndeg den Owend huet Walfer nach Besuch vum VC Fenteng. De Match gëtt um 19 Auer ugepaff.