Ettelbréck spillt géint Diddeleng, Steesel muss op Zolwer

© AFP
Um Samschdeg goufen d'Véierelsfinallen an der Coupe am Basket zu Conter geloust.
An der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg bei den Häre kënnt et mat der Partie Etzella Ettelbréck géint den T71 Diddeleng zu engem Toppmatch. D'Amicale Steesel geet mat 10 Punkte Réckstand an d'Partie géint Zolwer a Schieren wäert probéieren den 10-Punkte-
Bonus géint d'Sparta Bartreng ze notzen. Am Duell Mamer - Fiels kënnt et zu engem weidere Match tëschent Ekippen aus der Enovos League.
D'Véierelsfinallen bei den Hären am Iwwerbléck:
Etzella Ettelbréck - T71 Diddeleng
AS Zolwer (+10) - Amicale Steesel
Mambra Mamer - Arantia Fiels
Black Frogs Schieren (+10) - Sparta Bartreng
D'Matcher ginn an der Woch vum 29. Oktober gespillt.
Am Lalux Ladies Cup bei den Damme spillt ënner anerem de Leader vun der Enovos League, T71 Diddeleng, géint den AB Conter. Den eenzege Veräin aus der Nationale 2, East Side Pirates, kritt Besuch vun der Sparta Bartreng.
D'Véierelsfinallen bei den Dammen am Iwwerbléck:
East Side Pirates (+10) - Sparta Bartreng
T71 Diddeleng - AB Conter
Amicale Steesel - Musel Pikes
Basket Esch - Les Sangliers Wolz
D'Matcher ginn an der Woch vum 3. Dezember gespillt.