Gréisste Liichtathletikveräin am Land feiert 25. Gebuertsdag
































































E Freideg den Owend huet den CSL op der Schéiss säi 25. Anniversaire gefeiert.
A Presenz vum Sportminister Georges Mischo, dem President vum COSL Michel Knepper, grad ewéi der Sportschäffe vun der Stad Lëtzebuerg, der Mme Simone Beissel gouf e Réckbléck op d'Fusioun vun den zwee Stater Veräiner CAL a SPORA viru 25 Joer gemaach.
Den CSL ass mat iwwer 600 Memberen dee gréisste Liichtathletikveräin hei am Land. Mam Liz May, Charel Grethen, Charline Mathias, Ruben Querinjean an Nora Lindahl hu fënnef Sportler, déi et op d'Olympesch Spiller gepackt hunn, hir sportlech Karriär an deem Veräin ugefaangen.
De Pierre Grisius an de Roger Mathekovitsch hunn iwwerdeems hiert Buch mat der 25 Joer laanger Geschicht vum Veräin virgestallt. De Bern Thill huet mat sengem Film déi verschidden Aspekter aus de leschte 25 Joer Veräinsliewe méi nobruecht.
Ofgeschloss gouf den offiziellen Deel vun der Soirée mat enger Table ronde mat den Olympioniken aus dem Veräin.