
1:1 ass der Ekipp géint Moldawien duergaangen, fir sech direkt als 12. Ekipp fir d’EM ze qualifizéieren.
Keng Chance méi op déi direkt Qualifikatioun dogéint huet Polen a muss elo iwwert d’Play-offs probéieren nach eng Plaz ze kréien. Géint Tschechien ass et just fir en 1:1 duergaangen, Polen kënnt domadder op déi 3. Plaz. Tschechien dogéint ka mat engem Gläichstand géint Moldawien e Méindeg säin Ticket nach léisen.
Och Dänemark ass direkt weider, dat mat enger 2:1-Victoire géint Slowenien. Slowenien dogéint muss sech dohier elo um leschte Spilldag géint Kasachstan behaapten. Gewënnt Kasachstan awer, kéinte si nach u Slowenien laanschtzéien.
Sécher bei der EM dobäi si bis ewell Däitschland, d’Belsch, Frankräich, England, Éisträich, Portugal, Schottland, Slowakei, Spuenien, d’Tierkei, Ungarn, Albanien an Dänemark.