FuttballAmazon huet sech Iwwerdroungsrechter fir Champions League geséchert

RTL Lëtzebuerg
Amazon huet en Deel vun de Live-Rechter kaf a séchert sech domat eng Presenz bei de Futtballiwwerdroungen an Däitschland.

Vun der Saison 2021/22 wäert Amazon e Livestream vu verschiddene Matcher aus der Champions League ubidden. Dat huet den Alex Green, Chef vun Amazon Prime Video Sport Europa bestätegt. Si wiere begeeschtert, d’Topmatcher aus der Champions League vun Dënschdes weisen ze kënnen.

Ween déi aner Rechter un der Champions League an Däitschland kritt, ass nach net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO