
An der 1. Divisoun an Norwegen gouf et e Sonndeg eng Victoire fir de Lars Gerson. Beim 3:2 vum Kongsvinger IL géint Mjondalen stoung de Lëtzebuerger Defenseur de ganze Match um Terrain.
Net vill huet dem Seid Korac e Sonndeg fir e perfekte Sonndeg gefeelt. No sengem Gol zur 1:0 Féierung stoung fir den Degerfors IF géint den IF Elfsborg um Enn en 2:2-Remis duerch e Géigegol an der 95. Minutt.
Fir den Anthony Moris leeft et an der héchster belscher Spillklass weider richteg gutt. D’Union Saint-Gilloise ka sech um 11. Spilldag mat 2:1 géint Club Bruges duerchsetzen a bleift domat weider op der 1. Plaz stoen.
An der Bundesliga gouf et fir Mainz 05 déi laang erseent éischt Victoire, an dat géint RB Leipzig. D’Ekipp vum LeandroBarreiro huet sech am Ufank op d’Defense konzentréiert an huet an der zweeter Hallschent vun hire wéinege Chancë profitéiert an zweemol agenetzt. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet den zweete Gol per Kappball bäigesteiert. Et war den éischte Match ënner dem Interimstrainer, nodeem de Bo Svenson an der Woch zeréckgetruede war.
Den 1. FC Köln huet ouni de Mathias Olesen, dee seng Rout-Spär ofsëtze musst, d’Punkte mat Augsburg gedeelt. Um Enn stoung et 1:1 am Müngersdorfer Stadion. Wéinst der Victoire vu Mainz ass Köln elo nees Tabelleleschten.
An zweeter éisträichescher Liga huet St. Pölten mam Dirk Carlson eng 2:0-Victoire géint Dornbirn gefeiert. De Lëtzebuerger Verteideger stoung 90 Minutten um Terrain. St. Pölten steet weiderhin am ieweschten Tabellendrëttel, huet awer schonn 11 Punkte Réckstand op Plaz 1, deen den Opstig an d’Bundesliga bedeit.
An eeben dëser éisträichescher Bundesliga war de Marvin Martins och erfollegräich. Seng Austria Wien huet sech 1:0 géint Lustenau behaapt, woubäi de Gol eréischt an der 89. Minutt gefall ass. Et war déi véiert Victoire hannertenee fir d’Austria, déi elo op der 6. Plaz steet.
An Ungarn hat den Tim Hall mat Ujpest net dat néidegt Gléck a verléiert 1:2 bei Fehervar. D’Ekipp vum Lëtzebuerger war wuel fréi a Féierung gaangen, huet awer nach an de leschten zéng Spillminutten de Match aus der Hand ginn. Duerch dës Néierlag vergréissert sech den Ecart op den Tabellenéischte Ferencvaros Budapest an Ujpest bleift op Plaz 3.
De Maxime Chanot konnt mat Ajaccio an der franséischer Ligue 2 eng 3:0-Victoire zu Grenoble feieren. Ajaccio louch an der Paus scho mat 2:0 vir an huet kuerz nom Säitewiessel mam drëtte Gol alles kloer gemaach. De Maxime Chanot stoung an dësem wichtege Match géint en direkte Kontrahent 90 Minutten um Terrain. Ajaccio ass elo nees no un den Opstigsplazen drun.
Och de Florian Bohnert war mat Bastia an der Ligue 2 erfollegräich. D’Ekipp vum jonke Lëtzebuerger konnt sech mat 3:1 géint Girondins Bordeaux duerchsetzen an huet sech domat wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig geséchert.
An der zweeter belscher Liga huet sech Francs Borains mat 2:1 géint déi zweet Ekipp vum Standard Léck behaapt an huet dobäi vun zwee Eegegoler vun de Lécker profitéiert. Léck ass eréischt an der Nospillzäit den Éieregol gelongen. Den Alessio Curci gouf an der 62. Minutt agewiesselt.
An der zweeter däitscher Bundesliga konnt St. Pauli och beim Opsteiger aus Elversberg gewannen a sech domat un der Spëtzt ofsetzen. Mat 2:0 konnt d’Ekipp vum Danel Sinani sech duerchsetzen, de lëtzebuergeschen Nationalspiller souz no sengem Asaz an der Coupe ënnert der Woch awer de ganze Match op der Bänk.
An der zweeter Liga an der Tierkei ass Sanliurfaspor kuerz viru Schluss nach den Ausgläich gelongen, soudass d’Partie géint Sakaryaspor mat engem 1:1-Gläichspill op en Enn gaangen ass. D’Ekipp vum Olivier Thill, deen net am Kader stoung, bleift domat op der 14. Plaz an der Tabell.