Internationale FuttballArsenal profitéiert vun Tottenham-Ausrutscher

RTL Lëtzebuerg
An der Serie A verspillt den AC Mailand zwee Punkten a verléiert den Uschloss un Inter Mailand. Den Mbappé huet fir PSG dräi Goler géint Reims geschoss.
© AFP

An der éischter portugisescher Liga stoung um Samschdegowend de Spëtzematch tëscht Vitoria Guimaraes an dem FC Porto um Programm, dee Porto mat 2:1 fir sech entscheede konnt. Den André Silva hat Guimaraes a Féierung geschoss, andeem hien den Eelefmeter am Noschoss verwandelt huet. Porto konnt kuerz virun der Paus duerch de Zaidu ausgläichen. De Francisco Conceicao huet an der 59. Minutt den entscheedende Gol fir d’Draache markéiert. Porto ass weiderhin Drëtten an der Tabell, Guimaraes fält op Plaz 6 zeréck.

Bundesliga

De Resumé vun de Matcher aus der Bundesliga fannt Dir hei.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Wolverhampton - Tottenham 2:1
0:1 Johnson (3'), 1:1 Sarabia (90'+ 1), 2:1 Lemina (90'+ 7)

Nodeem Tottenham beim 1:4 géint Chelsea véier Spiller (blesséiert a gespaart) verluer hat, stoung eng ronderneiert Ekipp um Terrain. Dat huet een an den Ufanksminutten awer net gemierkt an d’Spurs ware fréi a Féierung gaangen. Tottenham war ufanks dominant, Wolverhampton ass duerno awer ëmmer besser an de Match komm an d’Spurs hate Chance, dass si net virun der Paus den Ausgläich kasséiert hunn. D’Wolves sollten och am zweeten Duerchgang méi vum Match hunn, konnten hir Méiglechkeeten awer eréischt an der Nospillzäit an zwee Goler ëmmënzen. Domat kasséiert Tottenham déi zweet Néierlag hannerteneen.

Arsenal - Burnley 3:1
1:0 Trossard (45'+1), 1:1 Brownhill (54'), 2:1 Saliba (57'), 3:1 Zinchenko (74')

Arsenal huet déi éischt Hallschent dominéiert, konnt awer eréischt virun der Paus eng vu ville Chancen notzen. Et war virun allem e Gedoldsspill fir d’Gunners, well Burnley sech op d’Verteidege konzentréiert huet. D’Gäscht sollten direkt nom Säitewiessel zouschloen, mee Arsenal huet am direkte Géigenzuch geäntwert an den alen Ecart nees hiergestallt. De Zinchenko huet eng Véierelstonn viru Schluss fir d’Entscheedung gesuergt, woumat Arsenal an der Tabell nees laanscht Tottenham zitt an Zweeten hanner Manchester City ass.

Manchester United - Luton Town 1:0
1:0 Lindelöf (59')

D’Zuschauer am Old Trafford hunn eng eesäiteg éischt Hallschent gesinn, an där Manchester United spillbestëmmend war, just d’Goler hu gefeelt. Dat sollt sech awer an der 59. Minutt no engem Corner änneren, wéi de Lindelöf de Ball am Filet ënnerbrénge konnt. Duerno haten d’Red Devils nach vereenzelt Chancen, hunn de Match awer souverän iwwer d’Ronne bruecht. ManU ass mat 21 Punkte weiderhin a Schlagdistanz zu den ieweschte Plazen.

Bournemouth - Newcastle 2:0
1:0 Solanke (60'), 2:0 Solanke (73')

Bournemouth, d’Ekipp aus dem Tabellekeller, profitéiert vun enger schlechter Leeschtung vun Newcastle an der zweeter Hallschent. An den éischte 45 Minutte hate béid Golkipper genuch ze dinn, mee uschléissend hu sech d’Magpies ze vill Feeler an der Verteidegung geleescht, déi Bournemouth äiskal ausgenotzt huet. Fir Newcastle war et déi éischt Néierlag no siwe Matcher mat Punktgewënn. Si bleiwen hanner Manchester United op Plaz 7.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Lecce - AC Mailand 2:2
0:1 Giroud (28'), 0:2 Reijnders (35'), 1:2 Sansone (66'), 2:2 Banda (70')

Den AC Mailand huet zwee wichteg Punkten am Kampf ëm d’Spëtzepositioun an der Serie A leie gelooss. D’Rossoneri haten de Schwong aus der Victoire géint PSG an der Champions League matgeholl a louchen zur Paus mat zwee Goler vir. Bis zur zur 66. Minutt war Milan op der Gewënnerstrooss, mee dunn huet Lecce mam Joker Sansone de Match gedréint an nach e Gläichspill erausgeholl. Mailand konnt frou sinn, dass si um Enn nach ee Punkt mat heem huelen, well Lecce an der Nospillzäit nach en drëtte Gol dropgesat hat, deen awer vum VAR oferkannt gouf.

Juventus Turin - Cagliari 2:1
1:0 Bremer (60'), 2:0 Rugani (70'), 2:1 Dossena (75')

Juventus an Inter Mailand liwwere sech weiderhin e Kapp-u-Kapp-Duell un der Tabellespëtzt vun der Serie A. Géint d’Kellerkand Cagliari huet sech déi Al Damm awer méi schwéier gedoen, wéi erwaart. Juve war souwuel an der éischter, wéi an der zweeter Hallschent iwwerleeën, konnt awer kee Kapital doraus schloen. Mam Bremer a Rugani huet et zwee Juve-Verteideger gebraucht, fir a Féierung ze goen. Cagliari huet et doropshin nach emol spannend gemaach, mee Juve huet seng fënneft Victoire net méi aus der Hand ginn.

No der Lännermatchpaus kënnt et zum Spëtzematch tëscht Inter Mailand a Juventus Turin.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Reims - PSG 0:3
0:1 Mbappé (3'), 0:2 Mbappé (59'), 0:3 Mbappé (82')

Reims war an der éischter Hallschent kloer déi besser Ekipp, huet awer net vun den zuelräiche Chancë profitéiert. D’Lokalekipp konnt souguer ausgläichen, mee de Gol gouf annuléiert. Nodeems den Mbappé PSG fréi a Féierung geschoss hat, koum vum franséische Meeschter net méi vill. Dat ass och nom Start an déi zweet Hallschent sou weidergaangen. Reims hat kloer méi vum Match, mee et war den Mbappé, deen den zweete Gol fir seng Faarwe markéiere konnt. Reims koum weiderhin zu Chancen, mee nom drëtte Gol vum franséische Stiermer war d’Mass gelies.

Le Havre - Monaco 0:0

D’AS Monaco huet duerch dëst Gläichspill elo dräi Punkte Réckstand op de Leader PSG. Monaco war um Enn mam 0:0 nach gutt bedéngt. An der Nospillzäit krut Le Havre en Eelefmeter zougesprach, deen de Grandsir awer verschoss huet.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Rayo Vallecano - Girona1:2
1:0 Alvaro (5'), 1:1 Dovbyk (42'), 1:2 Savio (65')

Den FC Girona bleift weiderhin un der Tabellespëtzt an der spuenescher La Liga. D’Katalane konnten en 0:1-Réckstand nach zu hire Gonschten dréinen an hir eeleft Victoire an der Saison feieren. Si hale Real Madrid an déi aner Verfolleger Barcelona an Atlético Madrid op Distanz.

Real Madrid - Valencia 5:1
1:0 Carvajal (3'), 2:0 Vinicius Junior (42'), 3:0 Vinicius Junior (49'), 4:0 Rodrygo (50'), 5:0 Rodrygo (84'), 5:1 Hugo Duro (88')

Real Madrid kann och ouni den Jude Bellingham gewannen. Déi Kinneklech hu Valencia iwwer de ganze Match dominéiert, an dat huet sech och an der Unzuel vun de Goler erëmgespigelt. Nom 2:0-Pausestand huet Real séier op 4:0 erhéicht, woumat de Match gelaf war. Nom fënnefte Gol fir Madrid konnt Valencia an der Schlussphas awer nach den Éieregol schéissen. Real Madrid bleift domat zwee Punkten hanner dem Leader Girona.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO