
An Italien gouf et den 3. Succès hannerteneen ouni Géigegol fir den AC Mailand.
Bayern München huet iwwerdeems an der Bundesliga zu Gladbach verluer.
Aston Villa - Arsenal 2:4
1:0 Watkins (5'), 1:1 Saka (16'), 2:1 Coutinho (31'), 2:2 Zinchenko (61'), 2:3 Martinez (90+3', Selbstgol), 2:4 Martinelli (90+8')
No der Defaite géint Manchester City um leschte Spilldag gouf et um Samschdeg wichteg 3 Punkte fir Arsenal zu Aston Villa. Dobäi hat et an der 1. Hallschent net gutt fir d’Gunners ausgesinn. Den 1:0 vum Watkins konnt de Saka zwar ausgläichen. De Coutinho huet awer mat sengem Gol fir d’Féierung vun der Heemekipp an der Paus gesuergt. Nom Säitewiessel war de Favorit besser an der Partie an huet den 2:2 duerch de Zinchenko markéiert. An der Schlussphas goung et hin a hir a béid Ekippen hate Geleeënheeten, fir de Match fir sech ze entscheeden. Arsenal hat méi e laangen Otem a konnt zweemol an der Nospillzäit markéieren.
Nottingham Forest - Manchester City 1:1
0:1 Silva (41'), 1:1 Wood (84')
Manchester City huet et duerch de Remis zu Nottingham verpasst, vun de Punkten hir mam Leader Arsenal gläichzezéien. An der 1. Hallschent hunn d’Gäscht dominéiert. Nottingham huet awer bis kuerz virun der Paus disziplinéiert an der Ofwier agéiert. No engem Corner huet d’Heemekipp de Silva awer schéisse gelooss an de Portugis huet de Ball am Gol ënnerbruecht. De Favorit huet sech och an der 2. Hallschent vill Golchancen erausgespillt, awer keng dovu genotzt. Op der anerer Säit huet de Wood et an der 84. Minutt besser gemaach an den iwwerraschenden Ausgläich markéiert. Manchester City konnt net méi reagéieren a léisst 2 wichteg Punkten hänken.
Newcastle - Liverpool 0:2
0:1 Nunez (10'), 0:2 Gakpo (17')
D’Heemekipp huet gutt ugefaangen a konnt sech direkt Golgeleeënheeten erausspillen. Géint de Spillverlaf hunn d’Reds awer zweemol gekontert an de Ball am Filet ënnerbruecht. Och no der rouder Kaart fir de Pope vu Newcastle ass d’Heemekipp um Drécker bliwwen, huet awer just zweemol d’Lat getraff. An den zweete 45 Minutten hu béid Ekippe weiderhin offensive Futtball gewisen, Goler sollten awer keng méi falen. Trotz der Defaite bleift Newcastle an der Tabell op Plaz 4, Liverpool läit do op der 8. Plaz.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Monza - AC Mailand 0:1
0:1 Messias (31')
Fir den AC Mailand gouf et eng wichteg Victoire zu Monza. Et war den drëtte Succès hannerteneen ouni Géigegol. An der 1. Hallschent war de Favorit och dominant um Terrain an ass verdéngt mat 1:0 a Féierung gaangen. An der 2. Hallschent gouf et Chancen op béide Säiten, mee bis zum Schluss sollte keng Goler méi falen. Mat dësem Erfolleg bleiwen d’Gäscht op der 3. Plaz an der Tabell a matten dran an der Lutte ëm d’Champions-League-Plazen.