BundesligaBayern München verléiert an Ënnerzuel zu Gladbach

RTL Lëtzebuerg
Leipzig a Freiburg konnten donieft hir Auswäertsmatcher gewannen. Wichteg 3 Punkte gouf et och fir Stuttgart géint Köln.
© Ina Fassbender/AFP

Borussia Mönchengladbach huet sech doheem mat 3:2 géint Bayern behaapt. Duerch d’rout Kaart fir den Upamecano an der 8. Minutt hu sech déi Münchener fréi selwer deziméiert. Kuerz drop huet de Stindl no engem Fräistouss den 1:0 markéiert. D’Gäscht hunn awer dogéint gehalen a konnten nach an der 1. Hallschent ausgläichen. Den Choupo-Moting hat de Ball no enger flotter Kombinatioun iwwer lénks am Filet ënnerbruecht. Gladbach huet awer weider fréi attackéiert an den Hofmann huet seng Ekipp an der 55.Minutt mat 2:1 vir bruecht. An der 84. Minutt huet den Thuram mam 3:1 alles kloer gemaach. Dem Tel säi Gol an der Nospillzäit huet näischt méi un der Néierlag fir Bayern geännert.

Wolfsburg huet iwwerdeems doheem mat 0:3 géint RB Leipzig verluer. Obwuel de Match ausgeglach war huet de Forsberg seng Faarwen an der 1. Hallschent a Féierung bruecht. Nom Téi haten d’Gäscht weiderhin déi besser Golchancen. De Laimer an de Szoboszlai hu mat hire Goler an der Schlussphas den Deckel op d’Partie drop gemaach.

Duerch d’3:0-Victoire vu Stuttgart géint Köln huet sech de VFB wichteg Punkten an der Lutte géint den Ofstig geséchert. d’Heemekipp war an der 9. Minutt duerch de Gil Dias a Féierung gaangen. An der 2. Hallschent huet de Sosa op 2:0 gesat. De Coulibaly huet mam 3:0 fir d’Schlussresultat gesuergt.

Bochum huet sech doheem misse mat 0:2 géint Freiburg geschloe ginn. D’Heemekipp war virun der Paus méi aktiv, louch awer duerch e Gol vum Gregoritsch 0:1 hannen. Kuerz nom Säitewiessel huet den Höler fir Freiburg erhéicht. No der rouder Kaart fir de Losilla an der 63. Minutt war de Match entscheet.

Um Freideg hat Augsburg knapp mat 1:0 géint Hoffenheim gewonnen.

Eintracht Frankfurt huet am Owesmatch Werder Bremen mat 2:0 geklappt. De Friedl mat engem Selbstgol an de Kolo Muani hunn d’Goler fir d’Heemekipp markéiert.

Hei fannt Dir d’Resultater vun den aneren internationale Ligen.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO