Lëtzebuerger Futtballer am AuslandAustria Wien mam Marvin Martins wënnt beim Tabelleleader

RTL Lëtzebuerg
An Norwegen konnt de Lars Gerson mat Kongsvinger wichteg Punkten am Opstigskampf feieren.
© AFP

Den Anthony Moris a St. Gilloise confirméieren déi gutt Form aus de leschte Wochen a setzen sech och souverän mat 3:1 bei Westerlo duerch. De Moris stoung wéi gewinnt am Gol vu St. Gilloise, déi domat d’Tabelleféierung an der éischter belscher Liga verdeedegen.

An der éischter éisträichescher Liga konnt de Marvin Martins mat Austria Wien een iwwerraschende Succès beim Sturm Graz feieren. Mat 1:0 konnt d’Ekipp vum Lëtzebuerger, deen déi 90 Minutten iwwer um Terrain stoung, sech beim Tabellenéischten duerchsetzen.

An der zweeter Liga an Norwegen huet Kongsvinger mam Lars Gerson weider wichteg Punkten an der Lutte ëm den Opstig gesammelt. Mat 4:0 konnt ee sech däitlech géint Sandnes behaapten, de Lars Gerson huet iwwerdeems de ganze Match duerchgespillt.

An Ungarn ass et fir Ujpest am Spëtzematch op Ferencvaros gaangen, wou d’Ekipp vum Tim Hall sech huet misse kloer mat 0:3 geschloe ginn. De Lëtzebuerger huet de ganze Match gespillt a krut an der 53. Minutt eng giel Kaart. Ujpest bleift trotz der Defaite op der 3. Plaz, huet awer lo ee Réckstand vu 5 Punkten op Ferencvaros op Plaz 1.

Fir Magdeburg gouf et an der zweeter Bundesliga eng batter Heemnéierlag géint den Opsteiger aus Elversberg. No fréiem 0:2-Réckstand huet et an der Schlussphas dono ausgesinn, wéi wann d’Ekipp vum Eldin Dzogovic, deen de ganze Match op der Bänk souz, nach ee Punkt kéint doheem halen. Um Enn muss ee sech awer mat 1:2 geschloe ginn.

An der zweeter Liga an Éisträich konnt St. Polten mam Dirk Carlson no engem 1:0-Réckstand zu Ried nach ee Punkt mathuelen. Beim 1:1 géint den Tabellevéierten huet de Carlson de ganze Match absolvéiert. St. Polten steet den Ament op der 10. Plaz am Klassement.

Sabah Baku konnt an der éischter Liga am Aserbaidschan mat 1:0 bei Neftci Baku gewannen. De Vincent Thill stoung bei Sabah Baku allerdéngs net am Kader.


Samschdeg

An der zweeter Bundesliga huet sech St. Pauli mat 2:1 géint Karlsruhe duerchgesat a steet nees un der Tabellespëtzt. D’Ekipp vun Hamburg louch an der Paus 0:1 hannen, konnt de Match awer nach an de leschte Minutten dréinen. De Lëtzebuerger Nationalspiller Danel Sinani gouf an der 64. Minutt agewiesselt an huet entscheedend zur Victoire bäigedroen.

An der Bundesliga huet de Mathias Olesen mat Köln den Owesmatch géint Leipzig gespillt. Et war kee glécklechen Owend fir den Effzeh, well si schonn zur Paus 0:4 hanne louchen an de Match um Enn mat 0:6 verluer hunn. De Lëtzebuerger gouf an der 70. Minutt agewiesselt, stoung awer just 10 Minutten um Terrain, well hien zweemol déi giel Kaart gewise krut a fréizäiteg dusche goe konnt.

De Sébastien Thill stoung bei der 1:2-Néierlag vu Stal Rzeszow déi komplett 90 Minutten um Terrain. Lechia Gdansk war an der éischter Hallschent a Féierung gaangen. Rzeszow konnt an der 78. Minutt ausgläichen, huet an der 85. Minutt awer nach den 1:2 kasséiert an huet weiderhi véier Punkten Avance op eng Netofstigsplaz.

Sivasspor konnt beim 2:1 géint Alanyaspor seng drëtt Victoire an der Saison feieren a steet elo am gesécherte Mëttelfeld. D’Ekipp vum Gerson Rodrigues konnt de Match an de leschte Minutten nach dréinen an aus engem 0:1 en 2:1 maachen. De Lëtzebuerger huet d’Ophueljuegd vu senge Komerode vun der Bänk materlieft, well hien an der 73. Minutt ausgewiesselt gouf.

Fir de Sead Korac an Degerfors gouf et um 28. Spillsdag an der éischter schweedescher Liga en 1:1 géint den direkte Konkurrent Varbergs. Degerfors steet op der zweetleschter Plaz an huet just fënnef Punkte Réckstand op eng Netofstigsplaz. De Sead Korac huet de ganze Match duerchgespillt.

De Maxime Chanot an den AC Ajaccio haten um 12. Spilldag an der franséischer Ligue 2 net dat néidegt Gléck a verléieren um Enn 1:2 bei Concarneau. Duerch dës Néierlag läit de Réckstand op eng Opstigsplaz fir Ajaccio elo bei 6 Punkten. Ajaccio war a Féierung gaangen, huet awer zwee spéit Goler kasséiert. De Maxime Chanot stoung 90 Minutten um Terrain.

An der zweeter belscher Liga verléiert Francs Borains mam Alessio Curci 0:3 bei Beveren an huet weiderhi grouss Suergen, fir net aus der Liga ze falen. D’Ekipp vum Lëtzebuerger war fréi a Réckstand geroden an huet sech virun der Paus nach en zweete Gol gefaangen. Nom 3:0 kuerz nom Säitewiessel war de Match gelaf. Den Curci gouf an der Paus agewiesselt.

Freideg

Den 1. FSV Mainz, also d’Ekipp vum Leandro Barreiro, stoung e Freideg den Owend dem VfL Bochum géigeniwwer. An hei huet et bis déi 6. Minutt vun der Nospillzäit no enger Defaite fir Mainz ausgesinn.

An der 21. Minutt krut Bochum en Eelefmeter an et stoung dunn 1:0. Wéinst engem Selbstgol vum Schlotterbeck konnt Mainz dunn an der 59. Spillminutt no der Paus ausgläichen. An der 82. Minutt war et genee dee Spiller, deen e weidere Gol gemaach huet, dat du fir seng Ekipp, sou dass et 2:1 fir Bochum stoung. An der 6. Minutt vun der Nospillzäit ass et dunn dem Krauß nach gelongen, den 2:2 Endstand ze markéieren an domadder 1 Punkt fir Mainz matzehuelen. De Leandro Barreiro stoung déi 90 Minutten um Terrain, hie krut an der 15. Minutt eng giel Kaart.

ZSKA Sofia mam Lëtzebuerger Enes Mahmutovic huet 0:0 géint Arda gespillt. De Lëtzebuerger Defenseur huet de Match duerchgespillt a krut an der 91. Minutt eng giel Kaart.

Waldhof Mannheim mam Laurent Jans hu mat 0:3 géint Unterhaching de Kierzere gezunn. De Lëtzebuerger stoung déi komplett 90 Minutten um Terrain. Direkt an der 3. Minutt vum Match huet Unterhaching en Eelefmeter kritt, déi aner zwee Goler sinn an der 59. a 74. Spillminutt gefall.

Och den Oli Thill stoung e Freideg den Owend an der Tierkei um Spillfeld, dat mat senger Ekipp Sanliurfaspor géint Giresunspor. Hie stoung bis déi 61. Minutt um Terrain a gouf dunn duerch den Al-Hassan Toure ausgewiesselt. D’Ekippen hu sech 0:0 getrennt.

Back to Top
CIM LOGO