FuttballAwer keng Kooperatioun tëscht Becca an dem 1. FCK

RTL Lëtzebuerg
Aus enger Kooperatioun tëscht dem Lëtzebuerger Geschäftsmann Flavio Becca an dem 1. FC Kaiserslautern gëtt näischt.
© AFP

Wéi de Veräin aus der 3. däitscher Liga op sengem Internetsite bekannt ginn huet, hätten déi eenzel Gremien e Méindeg intensiv iwwert d’Situatioun am Veräin diskutéiert. Um Enn wier d’Offer vun engem regionale Grupp vun Investisseuren zeréckbehale ginn. Detailer géifen an den nächsten Deeg bekannt gemaach ginn. D’Offer vum Flavio Becca wier jiddwerfalls net méi existent, sou déi Responsabel vu Kaiserslautern.

Weider ass et nach d’Präzisioun, dass ee vun de Member vum Conseil, de Michael Littig, net demissionéiert. Dat war allerdéngs eng vun de Fuerderunge vum Flavio Becca, fir iwwerhaapt beim 1. FC Kaiserslautern mat eranzeklammen. Enn d’lescht Woch haten däitsch Medie gemellt, dass wann déi betraffe Persoun net géif zerécktrieden, näischt aus der Offer vum Lëtzebuerger Investisseur géif ginn.

De Flavio Becca wollt dem Traditiounsveräin kuerzfristeg ee Kredit an Héicht vun 2,6 Milliounen Euro ginn, fir datt den 1. FC Kaiserslautern eng Lizenz fir déi nächst Saison krich.

RTL NEWS: Becca an 1. FCK-Delegatioun hu Konzeptpabeier ausgeschafft

Back to Top
CIM LOGO