Champions LeagueBayern klappt Galatasaray a steet an der KO-Phas

RTL Lëtzebuerg
2:1 huet Bayern de Match géint Galatasaray Istanbul gewonnen. Kopenhagen iwwerrascht Manchester United a gewënnt mat 4:3.
© AFP

2:1 gewënnt Bayern München am Grupp A no zwee spéide Goler vum Harry Kane géint Galatasaray a steet domat an den Aachtelsfinallen. Kopenhagen gewënnt e komplett geckege Match mat 4:3 géint Manchester United a spréngt domat op déi 2. Plaz an der Tabell no vir.

Arsenal London klappt Sevilla mat 2:0 a Eindhoven klappt Lens mat 1:0. Domat bleift et weider ganz spannend am Grupp B, wou nach keng Entscheedung gefall ass.

Am Grupp C huet Union Berlin zu Neapel 1:1 gespillt, a konnt sech domat an den 1. Punkt an dëser Champions League Campagne erspillen. No 3 Néierlagen an engem Remis ass et trotz allem de virzäitegen Out fir d’Ekipp vum Urs Fischer. Real Madrid huet sech iwwerdeems no der Victoire géint Braga fréizäiteg fir d’K.O.-Ronn qualifizéiert.

Benfica Lissabon verléiert am Grupp D och de 4. Match, dat mat 1:3 géint Real Sociedad, a steet mat 0 Punkten op der leschter Plaz. San Sebastian an Inter Mailand, déi sech mat 1:0 géint Salzburg kënnen duerchsetzen, stinn domat schonn an der 1/8-Finall.

Champions League/Reportage Guy Seyler

Grupp A

Bayern München - Galatasaray Istanbul 2:1
1:0 Kane (80'), 2:0 Kane (86'), 2:1 Bakambu (90+3')

Galatasaray ass couragéiert an de Match gestart an hat mam Icardi déi eischt gutt Chance. Kuerz dorop sollt de Kane op Säite vun de Bayern sech eng éischte Kéier geféierlech weisen, säi Schoss sollt awer iwwert de Gol goen. Den däitsche Meeschter sollt sech an der 1. Hallschent wuel méi Chancë wéi Galatasary eraus spillen, Kane a Musiala kruten de Ball awer net am Gol ënner. Tierken haten hirersäits kuerz virun der Paus eng Duebelchance, Icardi an Zaha waren am Ofschloss awer net konsequent genuch, sou dass et mat engem 0:0 an d’Paus gaangen ass.

Nom Säitewiessel hat alt erem de Harry Kane eng gutt Chance, deste Kéier sollt de Ball awer just un d’Lat goen. Béid Ekippen hu sech an der Suite vum Match net verstoppt - alles an allem waren et animéiert 90 Minutten, dat well virun allem sech d’Gäscht Mett vun der zweeter Hallschent net verstoppt hunn, an ëmmer nees geféierlech virum Gol vum Manuel Neuer opgedaucht sinn.

No engem Fräistouss an der 80 Minutt vum Kimmich sollt et dunn awer fir eng éischte Kéier rabbelen. De Kane stoung goldrichteg an huet de Ball an den laangen Eck gekäppt. Nëmme 6 Minutte méi spéit war et dunn alt nees den engleschen Nationalspiller deen no enger flotter Kombinatioun de Ball vum agewiesselten Tel an de Fouss gespillt krut an dat ronnt Lieder nëmmen nach iwwert d’Linn huet missen drécken. Entscheet war de Match domat awer nach net, dat well Galatasaray an der zweeter Minutt vun der Nospillzäit duerch de Bakambu den Uschloss markéiert huet. Dono sollt näischt méi passéieren, sou dass Bayern München mat 2:1 gewënnt a domat fréizäiteg an der KO Phase steet.

D'Féierung vum Harry Kane an der 80. Minutt
Bayern ass an der 80. Minutt mat 1:0 a Féierung gaangen
Bayern München suergt fir d'Virentscheedung
An der 86. Minutt huet den Harry Kane de Score op 2:0 erop geschrauft
Den 1:2 duerch e Gol vum Bakambu
Et soll awer beim 1:2 aus der Siicht vu Galatasaray bleiwen

FC Kopenhagen - Manchester United 4:3
0:1 Hojlund (2'), 0:2 Hojlund (28'), 1:2 Elyounoussi (45'), 2:2 Gonvalves (45+9'), 2:3 Fernandes (69'), 3:3 Lerager (83'), 4:3 Bardghji (87')

De Resumé vum Match Kopenhagen - Manchester United
Ee komplett geckege Match geet mat 4:3 un d’Ekipp aus Dänemark.

Grupp B

FC Arsenal - FC Sevilla 2:0
1:0 Trossard (29'), 2:0 Saka (64')

PSV Eindhoven - RC Lens 1:0
1:0 de Jong (12')

De Resumé vum Grupp B
Arsenal klappt Sevilla an Eindhoven gewënnt géint Lens.

Grupp C

Real Madrid - Sporting Braga 3:0
1:0 Diaz (27'), 2:0 Vinicius Junior (58'), 3:0 Rodrygo (61')

SSC Neapel - FC Union Berlin 1:1
1:0 Politano (39'), 1:1 Fofana (52')

De Resumé vum Grupp C
Real gewënnt géint Braga, Remis tëscht Neapel an Union Berlin.

Grupp D

RB Salzburg - Inter Mailand 0:1
0:1 Martinez (85')

Real Sociedad - Benfica Lissabon 3:1


1:0 Merino (6'), 2:0 Oyarzabal (11'), 3:0 Barrenetxea (21'), 3:1 Rafa Silva (49')
De Resumé vum Grupp D
Real Sociedad an Inter Mailand hunn allebéid hiren Ticket fir d’Aachtelsfinall sécher.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO