Internationale FuttballBayern géint Leipzig am DFB-Pokal weider, ManCity a Liverpool an der Premier League mat Victoiren

Andy Brücker
E Mëttwoch den Owend stoung nieft dem DFB-Pokal och d'Suite vum 26. Spilldag an der Premier League um Programm.
© ALEXANDRA BEIER/AFP

An Däitschland gouf am DFB-Pokal e Mëttwoch den Owend déi lescht Véierelsfinall gespillt, dat tëscht Bayern München an RB Leipzig. Et goung drëm ze decidéieren, wéi ee Veräin nieft Leverkusen, Stuttgart a Freiburg et nach bis an d’Halleffinall packt.
An der Bundesliga ware et zwee mol eng kloer Affär fir d’Bayern.

An den éischte Minutten huet Leipzig d’Bayern fréi geschockt. An der 4. Minutt huet de Christoph Baumgartner konnten den 1:0 markéieren, allerdéngs gouf de Gol nach emol kontrolléiert. Dobäi ass erauskomm, dass den Éisträicher mam rietse Fouss am Abseits stoung. An den éischte 45 Minutte konnt keng Ekipp dem Match sou richteg de Stempel opdrécken. Et war e Match op Aenhéicht an et goung mat engem gerechten 0:0 an d’Paus.

An der 2. Hallschent haten d’Bayern an der 58. Minutt duerch de Gnabry eng gutt Chance, allerdéngs huet de Vandevoordt de Schoss aus kuerzer Distanz konnten ofwieren.
Nëmme puer Minutte méi spéit hat Leipzig eng gutt Geleeënheet, de Ball ass awer un d’Lat gaangen. Am direkte Géigenzuch gouf dunn awer de Stanisic am Strofraum vum Leipziger Golkipp gefoult an de Schidsriichter huet op 11 Meter decidéiert. Den Harry Kane ass ugetrueden a konnt an der 64. Minutt den 1:0 fir d’Bayern schéissen. Leipzig hat net vill Zäit fir sech ze uerdnen, well an der 67. Minutt huet de Luis Diaz direkt den 2:0 markéiert, dat no Pass vum Olise. Duerno ass net méi vill geschitt an d’Bayern gewannen um Enn verdéngt mat 2:0 a stinn an der Halleffinall vum DFB-Pokal. Et ass déi éischte Kéier zanter 2020, dass se et nees an d’Ronn vun de leschte Véier packen.

Premier League

Englesch Wochen op der Insel suergen dofir, dass och an der Woch gespillt gëtt. Et war d’Suite vum 26. Spilldag.
Aston Villa konnt sech doheem mat 1:0 géint Brighton & Hove Albion behaapten a bleift uewen an der Tabell drun.

Manchester City hat keng Problemer géint den FC Fulham. Um Enn stoung et 3:0, dat no Goler vun Semenyo, O’Reilly an Haaland.

Tëscht Nottingham Forest an de Wolverhampton Wanderers ass kee Gol gefall.

Den FC Burnley konnt auswäerts géint Crystal Palace wichteg Punkten am Ofstigskampf sammelen. Si gewanne mat 3:2, nodeems se 0:2 hanne loungen.

De Match tëscht dem AFC Sunderland an dem FC Liverpool ass eréischt no 21 Auer ugepaff ginn. Et war e Match, dee just schwéier un d’Rulle komm ass. Mat 0:0 goung et an d’Paus, woubäi et Liverpool war, déi méi fir de Match gemaach hunn. An der 2. Hallschent konnt Liverpool duerch e Gol vum Van Dijk an der 61. Minutt mat 1:0 a Féierung goen. Dat Resultat konnte se iwwert d’Zäit retten an domadder ass et déi éischt Heem-Néierlag fir Sunderland dës Saison.

Back to Top
CIM LOGO