"Dat ass awer..."Futtis Medailen a Schisprénger mat Héichtenangscht

Tom Nols
Wat sou alles um Rand vun den Olympesche Wanterspiller an Italien geschitt.
Smile when you're winning
Smile when you’re winning
© TOBIAS SCHWARZ/AFP

Dat ass awer héich

Et kléngt scho komesch, wann ee Schisprénger seet, datt hien Héichtenangscht huet. Beim däitsche Goldmedailegewënner Philipp Raimund ass genee dat de Fall. Domat ass de Raimund awer a gudder Gesellschaft. De fréieren éisträichesche Star Andreas Widhölzl an den Norweger Daniel Andre Tande hate schonn zu aktiven Zäiten zouginn, datt si och ënner “Akrophobie” leiden.

Iwwregens gëtt den däitsche Goldgewënner och ouni Problemer zou, datt sech seng Talenter am Futtballspillen a Grenzen halen.

Dat ass awer keng gutt Qualitéit

Bei enger Rei Athleten ass et zu Problemer komm mat der Qualitéit vun de Medailen. Béis Zonge behaapten, et géif doru leien, datt d’Medaile “made in Italy” sinn. Der schweedescher Laangleeferin Ebba Andersson hir Sëlwermedail ass lassgaange wéi se bei hir Famill gerannt ass, den däitsche Biathlet Justus Strelow huet seng Bronzemedail vum Bändche verluer, grad sou wéi d’US-Äiskonschtleeferin Alysa Liu hir Goldmedail, an och der US-Schileeferin Breezy Johnson hir Goldmedail hat sech selbststänneg gemaach, wéi si vu Freed op an of gespronge war.

D’Organisateure wiere sech dem Problem bewosst, a géingen “un enger Léisung” schaffen. D’Athleten hunn Usproch op eng Reklamatioun a kéinten hir Medaile fir eng Reparatur zréck ginn.

Do ass der Breezy Johnson hir Goldmedail nach ganz
Do ass der Breezy Johnson hir Goldmedail nach ganz
© Foto von STEFANO RELLANDINI / AFP

Dat huet awer wéi gedoen

De Snowboarder Cameron Bolton ass e Méindeg beim Training am Livigno Snow Park wäit méi schwéier gefall, wéi ugangs ugeholl. Den Australier hat duerno iwwer Péng an der Nuque geklot. No engem Scan war kloer: de Snowboard-Veteran huet sech zwee Halswierbele gebrach. De Bolton ass duerno direkt mam Helikopter op Mailand an e Spidol geflu ginn.

Seng véiert Olympesch Spiller sinn domat erduerch, éiert se ugefaangen hunn.

Dat war awer keng gutt Iddi

De Biathlet Sturla Holm Lägreid hat grad seng éischt olympesch Medail gewonnen, wéi hien am Live-Interview mat der norwegescher Tëlee NRK zouginn huet, dass hie seng Frëndin bedrunn hätt. De Gesamtweltcup-Gewënner vu leschter Saison sot, hien hätt senger Partnerin de Säitesprong just virun de Spiller gebeicht, a si hätt sech doropshi vun him getrennt. Sengen Teamkolleegen hat hie gesot, hie géing dat maachen, sollt hien eng Medail gewannen, fir seng Partnerin zréck ze gewannen.

Dass dat net grad den optimalen Zäitpunkt war fir sou eng Beicht ofzeleeën, huet de Lägreid no etlecher Kritik dann och mëttlerweil agesinn a sech dofir entschëllegt. D’Begeeschterung bei der Fra huet sech och a Grenze gehalen.

Dat war awer e kuerzen Openthalt

D’Äishockeyteam vu Kanada verléisst d’Olympescht Duerf a plënnert an en Hotel. D’Ekipp mat sëllegen NHL-Stare gëllt zesumme mat den USA als Favorit op den Titel a wëllt sech beschtméiglech preparéiere kënnen, et wier hinnen do net roueg genuch. Dem Golkipp Logan Thompson no soll dat awer net als Beleidegung oder Änleches verstane ginn.

D’US-Amerikaner wéilten dogéint am Duerf bleiwen.

Dat däerf awer net sinn

Well déi polnesch Schispréngerin Pola Beltowska an der Mixed-Kompetitioun net wäit genuch gesprongen ass, huet sech am Internet e reegelrechte Shitstorm géint déi 19 Joer jonk Olympiadebutantin entwéckelt.

De polnesche Schiverband huet sech offiziell positionéiert an den Haass géint d’Beltowska, deen all Grenze vun der Sportpolitik géing iwwerschreiden, als perséinlech Attacke schaarf verurteelt.

Dat ass awer net erlaabt

Den ukrainesche Skeleton-Fuerer Vladyslav Heraskevych däerf net säin Helm undoen, op deem Biller drop si vu Sportler-Kolleegen, déi am Krich an der Ukrain ëm d’Liewe komm sinn. Engem Porte-parole vum IOC no géing den Helm net de Reegele vun der Olympescher Charta entspriechen.

Den Heraskevych dierft awer ausnamsweis e schwaarzt Aarmband undoen an duerno an Interviewe seng fräi Meenung äusseren.

Dat war awer eng gutt Wett

De Papp vum däitschen Äisschnellleefer Finn Sonnekalb hat 2024 gewett, dass falls säi Jong et op d’Olympesch Wanterspiller géing packen, datt hien da mam Vëlo vun Erfurt op Mailand géing kommen. De Gerrit Schädler, sou heescht de Papp, huet Wuert gehalen an ass no siwen Deeg a ronn 1.000 Kilometer zu Mailand ukomm.

De Finn Sonnekalb wäert e Mëttwoch eng éischte Kéier un den Depart goen.

Dem Finn Sonnekalb säi Papp war mam Vëlo bësse méi lues ënnerwee
Dem Finn Sonnekalb säi Papp war mam Vëlo bësse méi lues ënnerwee
© SVEN HOPPE / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

Dat ass awer eng erfollegräich Famill

Mat der sloweenescher Victoire am Mixed-Team-Sprangen hunn elo alle véier Kanner aus der Prevc-Famill eng Olympesch Medail gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO