BundesligaBayern München séchert sech de Championstitel

RTL Lëtzebuerg
Mat enger 1:0-Victoire ka sech Bayern München de Championstitel sécheren a Paderborn fällt mam Laurent Jans an déi 2. Bundesliga.
© AFP (archiv)

Duerch eng 1:0-Victoire géint Bremen konnt sech Bayern München de Meeschtertitel sécheren. Elo hunn se e Virsprong vun 10 Punkten virun Dortmund a kënne net méi agefaange ginn. Dëst ass den 8. Championstitel hannerteneen fir Bayern München.

Paderborn verléiert géint Union Berlin mat 0:1 a muss domadder de Wee an déi 2. Bundesliga untrieden.

Gladbach sëtzt mat engem 3:0 géint Wolfsburg Bayer Leverkusen ënner Drock an de Plazen ëm d’Champions League a Freiburg klappt d’Hertha Berlin mat 2:1 an huet domadder eng gudd Ausgangspositioun an der Lutte ëm d’Europa League.

LINK: Bielefeld steet als éischten Opsteiger an d’Bundesliga fest

32. Spilldag vun der Futtball-Bundesliga

Werder Bremen - Bayern München 0:1 (0:1)
0:1 Lewandowski (43.’)

An der éischter Hallschent konnt Bremen iwwerraschenderweis gutt géint d’Bayern mathalen a wollten hinnen de Meeschtertitel net sou einfach schenken. Bremen kann an der Lutte ëm den Ofstig och all Punkt gebrauchen. Kuerz virun der Paus dann awer nach d’Féierung fir München. De Boateng huet en héije Ball an de Strofraum gespillt, do huet de Lewandowski de Ball ganz staark mat der Broscht ugeholl an direkt mat riets an de laangen Eck fir säin 31. Gol an dëser Saison ofgeschloss.

An der 2. Hallschent hat Bayern vill Ballbesëtz an de Match am Grëff. Se hu sech awer schwéier gedoen fir de Match fréizäiteg ze entscheeden. An der 55. Minutt hat de Lewandowski de Ball mat der Hack an de Gol geschoss mee de Müller stoung bei der Virbereedung am Abseits.

Mönchengladbach - VFL Wolfsburg 3:0 (2:0)
1:0 Hofmann (10.’), 2:0 Hofmann (30.’), 3:0 Stindl (65.’)

Et huet nëmmen 10 Minutten gedauert, dunn ass Gladbach schonn a Féierung gaangen. No engem Konter huet den Embolo eng staark Pass an de Strofraum op den Hofmann gespillt an deen hat keng Problemer fir de Ball aus 10 Meter laanscht de Casteels an de Gol ze drécken. Dono war Gladbach déi besser Ekipp a an an der 30. Minutt konnt den Hofmann säin 2. perséinleche Gol schéissen. Am Strofraum huet de Ginter aus der Dréiung op den Hofmann ugeluecht an deen huet fräi virum Gol dem Casteels keng Chance gelooss.

Och no der Paus konnt Wolfsburg de Gladbacher net weeklech eppes entgéint setzen. Ëmmer nees hunn d’Offensivspiller vun der Heemekipp déi Wolfsburger Defense viru Problemer gestallt. An der 65. Minutt konnt den Traoré, no engem Feeler vum Brooks an Zouspill vum Lainer, de Ball an d’Mëtt op de Stindl leeën, dee mat engem secke Schoss de Ball am Filet ënnerbruecht huet. No dësem Gol hat Wolfsburg et zwar nach eng kéier probéiert mee schlussendlech verléieren se verdéngt mat 0:3.

SC Freiburg - Hertha Berlin 2:1 (0:0)
1:0 Grifo (61.’), 1:1 Ibisevic (66.’, Eelefmeter), 2:1 Petersen (71.’)

An der éischter Hallschent war et en ausgeglachene Match an deem béid Ekippen sech mat staarke Phasen ofgewiesselt hunn. Vill Chancen gouf et allerdéngs net sou dat en dann och mat engem 0:0 an d’Paus gaangen ass.

No der Paus konnt d’Hertha duerch e wonnerschéine Schoss vum Lukebakio an de Wénkel a Féierung goen mee de Gol gouf wéinst engem Foul vum Darida zeréck geholl. An der 61. Minutt war et dann op der anerer Säit de Grifo deen e Fräistouss aus 20 Meter an de lénksen Eck geschlenzt huet. No engem Foul vum Koch um Pekarik huet den Arbitter kuerz dono awer op de Punkt gewisen. Den Ibisevic huet sech der Saach ugeholl an ausgeglach. E schwéiere Feeler vum Darida, deen de Ball no Zouspill vum Jarstein net kontrolléiere konnt, huet dozou gefouert dat de Petersen just huet missen an den eidele Gol schéissen.

Union Berlin - SC Paderborn 1:0 (1:0)
1:0 Zolinski (27.’, Eegegol)

Vun Ufank un war Berlin déi kloer besser Ekipp a Paderborn huet kee richtegen Zougrëff op de Match kritt. An der 27. Minutt konnt Union Berlin dann och verdéngt a Féierung goen. Den Trimmel huet e Fräistouss an de Strofraum bruecht an do huet de Zolinski de Ball an den eegene Gol gekäppt.

An den zweete 45 Minutten huet Paderborn, bei deenen de Laurent Jans just op der Bänk souz, probéiert besser mat ze spillen mee koumen allerdéngs net richteg zum Ofschloss. Domadder fält Paderborn an déi 2. Bundesliga.

Um Mëttwoch stinn dann folgend Partien um Programm:
Eintracht Frankfurt - Schalke 04 18.30 Auer
Borussia Dortmund - Mainz 05 20.30 Auer
RB Leipzig - Fortuna Düsseldorf 20.30 Auer
Bayer Leverkusen - 1. FC Köln 20.30 Auer
FC Augsburg - TSG Hoffenheim 20.30 Auer

Back to Top
CIM LOGO