Internationale FuttballBayern verspillt 2:0-Féierung géint Gladbach

RTL Lëtzebuerg
Den däitsche Rekordchampion huet sech e Freideg den Owend fir de Kont vum 15. Spilldag an der Bundesliga auswäerts misse mat 2:3 geschloe ginn.
© AFP

E Freideg den Owend stounge sech an der däitscher Bundesliga am Futtball Borussia Mönchengladbach a Bayern München géintiwwer. Den däitsche Rekordchampion riskéiert no engem Match mat enger Partie Feeler déi éischte Plaz an der Tabell ze verléieren. Trotz engem 2:0-Virsprong huet d’Ekipp ronderëm de Weltfuttballer vum Joer Lewandowski am Klassiker géint Borussia Mönchengladbach mat 2:3 (2:2) de Kierze gezunn a kéint e Samschdeg vu Leipzig un der Spëtzt vun der Tabell ofgeléist ginn.

Bayern hat dee bessere Start an d’Partie erwëscht a louch no 30 Minutte scho mat 2:0 a Féierung. No engem onglécklechen Hands vum Neuhaus hat den Arbitter no Videobeweis an der 20. Minutt een Eelefmeter fir den FCB gepaff. De Lewandowski huet sech der Saach ugeholl a vum Punkt aus souverän getraff. Nëmme 6 Minutte méi spéit huet de Goretzka d’Féierung vum däitsche Rekordchampion op 2:0 ausgebaut. Et huet deemno fréi an der Partie duerno ausgesinn, wéi wann d’Ekipp vum Flick d’Partie ënner Kontroll hätt. Ma dunn huet Gladbach zweemol séier ëmgeschalt an ass zeréck an de Match komm. Den Hofmann huet fir d’éischt an der 36. Minutt op 1:2 verkierzt a Sekonne virun der Paus op 2:2 gesat. Mam Remis ass et an d’Paus gaangen.

No der Paus huet et no e puer Minutten eng weider Kéier gerabbelt an dat am Gol vun de Gäscht. No engem Feelpass vum Süle am Spillopbau ass den Hofmann un de Ball komm. No engem Duebelpass mam Embolo huet de Gladbacher dat ronnt Lieder an d’Spëtzt gespillt, wou den Neuhaus Plaz hat an de Ball aus 18 Meter an de rietsen Eck gesat huet. Den 3:2 fir Gladbach an domadder war d’Partie gedréint. Bayern München huet bis déi lescht Sekonne probéiert, fir d’Partie nach eng Kéier ze dréinen, ma si hu sech u kompakte Gladbacher, déi alles aus sech erausgeholl hunn, d’Zänn ausgebass. Um Enn wënnt Gladbach d’Partie mat 3:2 géint den FCB.

Klickt hei, fir op d’Resultater an d’Tabell vun der Bundesliga ze kommen.

FA Cup

De Jürgen Klopp an den FC Liverpool hunn am FA Cup no e puer Problemer am Ufank vum Match eng Blamage verhënnert. Bei Aston Villa, deen opgrond vun engem massive Corona-Ausbroch nëmme mat enger C-Eelef untriede konnt, koum den englesche Champion no enger Leeschtungssteigerung an der zweeter Hallschent nach zu enger 4:1-Victoire (1:1) a steet an der véierter Ronn.

Mane (4',63'), Wijnaldum (60'), Salah (65') hu fir de grousse Favorit getraff, dee wéi ze erwaarde vill Ballbesëtz hat, dësen awer nëmme seelen notze konnt. Aston Villa konnt sech op een excellente Golkipp Onodi verloossen an huet gutt matgespillt. Dem 17 Joer ale Barry war an der 41. Minutt den 1:1 gegléckt. An der zweeter Hallschent huet sech Liverpool um Enn awer kloer duerchgesat.

Back to Top
CIM LOGO