
Dobäi hunn d’Spectateuren op deenen zwee Terrainen sou munches gebuede krut.
Stoung et an der Hallschent tëscht Käerjeng a Schëffleng nach 0:0-Gläich, sinn an deenen zweete 45 Minutte ganzer 5 Goler gefall. D’Lokalekipp vu Käerjeng ass mat 100 à l’heure aus der Kabinn komm a huet bannent 4 Minutten 2 Goler (Fostier a Barbaro) markéiert, sou dass een no 49 Minutte mat 2:0 a Féierung louch. Schëffleng sollt de Kapp awer net an de Sand stiechen a kann de Match duerch Goler vum Kirch, Soumah a Garos nach dréinen a steet no der 3:2-Victoire domat an der 1/8-Finall vun der Coupe de Luxembourg.
Zu Rodange hunn d’Spectateuren eng interessant 1. Hallschent gesinn, bei där d’Gäscht vu Beetebuerg direkt zwee mol a Féierung louchen, Rodange awer jeeweils de Score nees ausgläiche konnt, sou dass béid Ekippe mat engem 2:2 an d’Paus gaange sinn. Nom Téi sollten d’Gäscht vu Beetebuerg relativ séier den 3:2 markéieren, éier Rodange de Match an der 74. Minutt alt nees ausgläiche konnt. Laang huet et dono ausgesi wéi wann d’Entscheedung an der Verlängerung hätt misse falen, éier de Gomes an der 3. Minutt vun der Nospillzäit den entscheedenden Gol fir Beetebuerg konnt markéieren. Beetebuerg steet deemno no der 4:3-Victoire zu Rodange am nächsten Tour.