Nei (al) Trainer an der BundesligaBeierlorzer op Mainz, Gisdol op Köln

RTL Lëtzebuerg
Wéi e Méindeg divers däitsch Medie mellen, hätten d'Veräiner vu Mainz a Köln en neien Trainer.
© © Mainz 05/Mainz 05/Rene Vigneron

Den Achim Beierlorzer gouf eréischt den 9. November vum 1. FC Köln fräigestallt, de 15. November gouf säi Vertrag opgeléist an elo e Méindeg huet hie schonns eng nei Plaz op der Trainerbänk fonnt an zwar beim FSV Mainz. Mainz hat sech jo eréischt kuerz virdru vum Sandro Schwarz getrennt. De Beierlorzer huet zu Mainz ee Kontrakt bis Summer 2022 ënnerschriwwen.

Och den Ex-Veräin vum Achim Beierlotzer soll dem “Express” no een neien Trainer fonnt hunn. De Markus Gisdol soll nämlech de Poste vum Trainer iwwerhuelen. De Gisdol war ënnert anerem schonns bei Hamburg an Hoffenheim an der Verantwortung.

Back to Top
CIM LOGO