
De Resumé vun de Matcher aus der Bundesliga fannt Dir hei.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Chelsea - Brentford 0:2
0:1 Pinnock (58'), 0:2 Mbeumo (90'+6)
Chelsea hat staark éischt Hallschent gewisen, mee ass entweeder um géigneresche Golkipp oder um Aluminium gescheitert. Brentford war an den éischte 45 Minutte quasi net ze gesinn, konnt seng éischt gutt Golchance am zweeten Duerchgang awer direkt verwäerten. D’Blues hu sech awer net hänke gelooss a weider no vir gespillt, haten awer weider kee Gléck. An der Nospillzäit hunn d’Bees de Match dann decidéiert.
Arsenal - Sheffield 5:0
1:0 Nketiah (28'), 2:0 Nketiah (51'), 3:0 Nketiah (58'), 4:0 Vieira (88', Eelefmeter), 5:0 Tomiyasu (90'+6)
Arsenal huet sech géint den Tabelleleschte keng Bléisst ginn a souverän gewonnen. Den Nketiah war mat dräi Goler de Spiller vum Match: ee Gol virun der Paus, zwee kuerz duerno. Domat waren d’Gunners op der Gewënnerstrooss. Duerno ass Arsenal et méi roueg ugaangen, huet um Enn awer nach zweemol zougeschloen. D’Ekipp vum Mikael Arteta bleift domat zwee Punkten hanner Tottenham op Plaz 2 an der Tabell.
Wolwerhampton - Newcastle 2:2
0:1 Wilson (22'), 1:1 Lemina (36'), 1:2 Wilson (45'+4, Eelefmeter), 2:2 Hwang (71')
No der Néierlag géint Dortmund an der Champions League huet Newcastle och an der Premier League Punkte leie gelooss. Géint dat zwieleftplacéiert Wolverhampton hunn d’Magpies trotz enger 2:1-Féierung an der Paus just ee Punkt mat heem geholl an hunn elo néng Punkte Réckstand op de Leader Tottenham.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Juventus Turin - Verona 1:0
1:0 Cambiaso (90'+7)
Juventus war de ganze Match ugerannt, hat awer och immens vill Pech a gewënnt domat um Enn net onverdéngt. De Kean hat zweemol fir Juventus markéiert, krut seng Goler awer duerch de VAR oferkannt. Mat der leschter Attack huet de Cambiaso den Turiner awer nach dräi Punkte geséchert, woumat Juventus provisoresch op der éischter Tabelleplaz steet.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
FC Barcelona - Real Madrid 1:2
1:0 Gündogan (6'), 1:1 Bellingham (68'), 1:2 Bellingham (90'+2)
An der 187. Oplag vum spuenesche Classico huet Real Madrid déi 78. Victoire gefeiert. Barcelona war fréi a Féierung gaangen, mee Madrid huet duerno séier an de Match fonnt. De Chancëplus louch an der éischter Hallschent awer op der Säit vu Barcelona. Nom Säitewiessel hunn déi Kinneklech méi an den Ugrëff investéiert a koumen duerch en Distanzschoss vum Bellingham zum Ausgläich. Am Uschloss hate béid Ekippen d’Méiglechkeet, de Match fir sech ze entscheeden, mee et sollt nees dem Bellingham virbehale sinn, an der Nopsillzäit den decisive Gol ze schéissen.