Serie Sportler a Corona-Zäiten (15)Ben Gastauer ass frou doheem ze sinn, mécht sech awer Suergen ëm d'Zukunft

Tim Hensgen
An eiser Serie iwwert d’Lëtzebuerger Elitesportler weise mer Iech, ewéi de Ben Gastauer mat der sanitärer Kris ëmgeet.
Ben Gastauer frou doheem ze sinn, mécht sech awer Suergen
An eiser Serie iwwert d’Lëtzebuerger Elitesportler weise mer Iech, ewéi de Ben Gastauer mat der sanitärer Kris ëmgeet.

De Profi vun AG2R ass den éischte Mäerz seng leschte Course gefuer an trainéiert zanter zwou Wochen net op der Strooss, mä um Rouleau. Keng einfach Situatioun fir den 32 Joer ale Cyclist.
Bis den 1. Juni gi keng offiziell Coursse gefuer. Dat huet d’UCI leschte Mëttwoch decidéiert. Mä ob et dobäi bleift, weess och de Ben Gastauer net.

Doheem sinn. Dat ass de Ben Gastauer wärend der Saison nëmme ganz seelen. Zanter ronn zwou Wochen ass dat anescht. De Vëlosprofi probéiert awer, net alles schwaarz ze molen.

"Ech ka mech glécklech schätzen. Ech sinn zu Lëtzebuerg an hunn déi ganz Famill bei mir. Mir kënne vill Zäit matenee verbréngen, dat hu mer soss net esou."

De Ben Gastauer kritt sou vill Ënnerstëtzung ewéi méiglech vu senger Ekipp AG2R. Dat gëllt net nëmme fir d’Logistik an den Trainingsprogramm.

"Finanziell hu se eis elo fir den Ufank ofgeséchert, mä mir wëssen net, wéi et weidergeet. Eis Sponsore leiden och ënnert der Situatioun. Et muss een einfach ofwaarden."

De Ben Gastauer weess, dass hie souwisou näischt un der aktueller Situatioun ännere kann, ausser wéi all anere Bierger d’Recommandatioune vun der Regierung ze respektéieren.

"Natierlech maachen ech mer och Gedanken ëm meng perséinlech Zukunft, well ech kee Kontrakt hu fir déi nächste Saison. Mä et gi Saachen, déi lo méi wichteg sinn. Fir d’éischt soll all Mënsch gesond ginn an alles an d’Rei kommen. Dofir denkt drun: Bleift doheem."

D'Serie "Sportler a Corona-Zäiten am Replay" am Replay

Serie Sportler a Corona-Zäiten (1): De Kamil Rychlicki iwwer seng aktuell Situatioun an Italien Serie Sportler a Corona-Zäiten (2): Dan Lorang: Nieft de Sportler hunn d'Traineren et och net einfach Serie Sportler a Corona-Zäiten (3): Raphael Stacchiotti: Training a Quarantän Serie Sportler a Corona-Zäiten (4) : Vera Hoffmann a Charel Grethen: Trainingslager oofgebrachSerie Sportler a Corona-Zäiten (5): Nadia Mossong: Mam Coronavirus och d'Enn vun der Profi-Karriär? Serie Sportler a Corona-Zäiten (6): De Ken Diederich betreit seng Schüler elo iwwer Internet Serie Sportler a Corona-Zäiten (7): De Julien Henx schafft weider u sengem groussen Zil Serie Sportler a Corona-Zäiten (8): De Laurent Jans iwwer d'Situatioun beim Bundesliga-VeräinSerie Sportler a Corona-Zäiten (9): Fir d'Christine Majerus muss de Sport elo Niewesaach sinnSerie Sportler a Corona-Zäiten (10): D'Anne Simon ass zeréck aus den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (11): Danel Sinani krut gutt Nouvellen an dëse schwéieren ZäitenSerie Sportler a Corona-Zäiten (12): Karate - Gezwonge Paus positiv an negativSerie Sportler a Corona-Zäiten (13): Keng einfach Zäit fir d'EkippesportlerSerie Sportler a Corona-Zäiten (14): Tom Habscheid huet e puer Lächer méi am Gaart

Back to Top
CIM LOGO