
Zu Oberstdorf an Däitschland stoung um Samschdeg d’Ekippekompetitioun um Programm. Nom éischten Duerchgang louch d’Ekipp aus Däitschland ewell ganz knapp virun den Hären aus Éisträich. Um Enn konnten de Severin Freund, de Pius Paschke, de Markus Eisenbichler an de Karl Geiger sech Gold sécheren. Zweet gouf wéi ugekënnegt Éisträich, Bronz ass fir d’Delegatioun aus Polen. Virun allem fir de Karl Geiger war et eng ganz erfollegräich Weltmeeschterschaft, dëst well hien an all Kompetitioun eng Medaile gewanne konnt. Dës war och den Ofschloss vun der WM am Schisprangen.