
Den Turnéier gëtt iwwerdeems a 4 däitsche Stied gespillt, dat zu Gelsenkirchen, Düsseldorf, Duisburg an d’Finall zu Köln.
D’Aachtelsfinall war nach net fäerdeg gespillt ginn, esou dass déi nach muss op en Enn kommen. E Freideg war dann zu Nyon awer den Tirage vun der kompletter Finalronn.
Match 1: VfL Wolfsburg/Shakhtar Donetsk - Eintracht Frankfurt/FC Basel
Match 2: LASK/Manchester United - Basaksehir/Kopenhagen
Match 3: Inter Mailand/FC Getafe - Glasgow Rangers/Bayer Leverkusen
Match 4: Olympiakos Piräus/Wolverhampton Wanderers - FC Sevilla/AS Roum
De Gewënner vum Match 1 spillt géint de Gewënner vum Match 3 an de Gewënner vum Match 2 dann ebe géint de Gewënner vum Match 4.
Wéinst der Corona-Kris gëtt d’Europa League an engem Turnéier op en Enn gespillt. Vun der nächster Ronn u gëtt keen Aller-Retour gespillt, ma de Gewënner vum Duell steet schonn nom éischte Match fest.