
Dat huet de Sportminister Dan Kersch am RTL-Interview preziséiert, dat no der Annonce vum Premier Xavier Bettel iwwert déi nei Covid-Mesuren. En Donneschdeg sollen et op enger Pressekonferenz Detailer ginn, wat déi Mesurë fir de Sport bedeiten. Dat Generellt hat den Dan Kersch awer scho matgedeelt.
An deem neie Covid-Gesetz, dat am Laf vun der Woch a Kraaft wäert trieden, wäert dra stoen, datt keng Kompetitioune méi an den ënneschten Divisioune vun deene verschiddene Sportaarten däerfe sinn. Training däerf nach sinn, awer just a Gruppe vu 4. Anescht ass dat, wat d'Kompetitioun an den Training ugi bei der Elite.
"An der BGL Ligue an och an deenen aneren éischte Lige kënnen theoretesch d'Matcher weidergefouert ginn an et kann een och normal trainéieren. Dat gëllt och fir d'Nationalekippen.", esou de Sportminister Dan Kersch.
Wéi gesot mat Ausnam vun den héchsten Divisioune ginn alleguerten déi aner Matcher elo emol fir e Mount ofgesot. Vill Leit aus der Lëtzebuerger Sportswelt verstinn awer net, firwat déi iewescht Divisioun awer nach däerf spillen an déi ënnendrënner net.
"Natierlech ass déi Fro berechtegt. Et mécht en Ënnerscheed, ob all Weekend 300 oder 45.000 Lizenzéierter am Futtball um Terrain stinn.", betount de Sportminister.
Et huet awer och domat ze dinn, wéi e groussen Deel vun den Ekippen aus den ieweschten Divisioune mëttlerweil opgestallt sinn, esou den Dan Kersch, deen och Aarbechtsminister ass. "Et gi Veräiner, déi Aarbechtskontrakter mat hire Spiller hunn."
Da gëtt et awer och nach e wesentlechen Ënnerscheed mat den ënneschten Divisiounen, seet de Sportminister: "Et war fir eis och net onwichteg ze wëssen, datt Veräiner aus den ieweschten Divisioune sech och fir europäesch Kompetitioune kënne qualifizéieren an do spillt och de finanziellen Aspekt mat."
Fir all déi aner Ekippen an Alterskategorien, wéi géif d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert soen, "4 ass déi nei 10."
Sport an Training sinn dann och weiderhin erlaabt, awer wéi gesot a Gruppe vu 4. "Fir Individualsportaarten ass dat méi einfach. Et ass awer weiderhin erlaabt, Trainingen ofzehalen, et zielt awer, net méi wéi 4."
An dëser Covid-Zäit huet sech jo op en Neits erausgestallt, datt Leit, déi physesch besser drop sinn, besser duerch esou eng sanitär Kris kommen.