
Fir den Danel Sinani a fir Wigan Athletic gëtt d’Loft am Ofstigskampf ëmmer méi dënn. E Mëttwoch ass d’Ekipp vum Lëtzebuerger, déi vum Shaun Maloney trainéiert gëtt, zu Bristol net iwwert en 1:1 erauskomm. Domadder steet Wigan elo op der 22. Plaz mat 30 Punkten. Wigan huet domat elo zwee Punkte Retard op eng Net-Ofstigsplaz. Den Danel Sinani gouf an der Hallschent fir de Keane ausgewiesselt.