
Den FC Wolz hat fir de Kont vum 4. Spilldag an der Éierepromotioun de Swift vun Hesper op Besuch - et war de Spëtzematch an der zweethéchster nationaler Futtballdivisioun.
Mat frëschem Futtball goufen d’Spectateuren awer ufangs net verwinnt, ma de Swift war awer iwwer wäit Strecke vum Match liicht besser a konnt ëmmer nees a Persoun vum Daniel Hammel geféierlech virum Wëltzer Gol opdauchen.
Den Däitschen huet dann och mat 4 perséinleche Goler fir d’Victoire vum Swift gesuergt, och wann déi Wëltzer géint der Schluss vun der Partie nach eng Kéier gedréckt hunn an duerch den Damien Humblet op 1:3 verkierze konnten. Fir de Schlusspunkt huet de Babit mat sengem Gol fir de 5:1 gesuergt.
