"The last one with friends"De Bob Bertemes krut op sengem leschte Meeting prominent Ënnerstëtzung

RTL Lëtzebuerg
"The last one with friends", ënnert deem Motto stoung dem Bob Bertemes säin Abschid.


Et waren der ronn 250 op Bieles komm, ënnert hinnen de Sportminister, de Generol vun der Arméi, an den techneschen Direkter vum COSL. Si all wollten dem Bielesser seng sechs lescht Stéiss erliewen, an him Unerkennung a Respekt fir seng brillant sportlech Karriär weisen.

De Bob Bertemes krut op sengem leschte Meeting prominent Ënnerstëtzung
“The last one with friends”, ënnert deem Motto stoung dem Bob Bertemes säin Abschid.

De Jacko Jil, de 7. vun den Olympesche Spiller, ass ee vun de fënnef Kolleegen, déi de Bob - op iergend eng Manéier - wärend senger Karriär begleet hunn. Den Neiséilänner huet d’Kugel mat 20 Meter an 90 Zentimeter en Donneschdeg 30 Zentimeter méi wäit wei de Bob gestouss.

Viru 5 Joer hat de Bob Bertemes zu Diddeleng mat engem Stouss vun 22 Meter a 17 Zentimeter säi Rekord vun 22 Meter 22, deen hien e gudde Mount virdrun opgestallt hat, confirméiert. Mat där Leeschtung, huet de Sportzaldot sech an der Weltspëtzt installéiert. Zweemol op den Olympesche Spiller, zimmlech reegelméisseg am Top 6 vun den Europameeschterschaften - jee, en Toppathlet.

Vu senger 15 Joer laanger Sportlerkarriär huet de Bob Bertemes 7 Joer ënnert der Regie vum Khali Alqawati
trainéiert a bei him d’Dréitechnik geléiert. Elo wäert den 31 Joer ale Familljepapp a säi privat a berufflecht Liewen andauchen an dem Héichleeschtungssport definitiv Äddi soen.

PDF: D'Resultater

Back to Top
CIM LOGO