Ouni Fändel an NationalhymnRussesch Athleten dierfen nees bei Olympesche Spiller untrieden

AFP, iwwersat vun RTL
No der russescher Invasioun vun der Ukrain am Februar 2022 hat den IOC den Ausschloss vu Sportler aus Russland a Belarus recommandéiert.
D'Ofschlossfeier vun de leschten Olympesche Summerspiller zu Paräis
© AFP

Méi wéi véier Joer nom Ufank vum russesche Krich géint d'Ukrain huet den Internationalen Olympesche Kommitee (IOC) en Deel vun de Beschränkunge géint russesch Athleten nees opgehuewen. Russesch Sportler a Sportlerinne solle sech och an de Mannschaftssportaarte fir d'Olympesche Spiller 2028 zu Los Angeles kënne qualifizéieren. Dat huet den IOC no enger Sëtzung en Donneschdeg zu Lausanne an der Schwäiz annoncéiert.

Am Ënnerscheed zu den Athleten aus Belarus, déi zanter ugangs Mee nees ouni Aschränkungen zougelooss sinn, dierfen déi russesch Sportler allerdéngs net ënner russeschem Fändel untrieden, och déi russesch Nationalhymn soll net gespillt ginn.

Iwwerdeems mussen d'russesch Athleten virun hirem Retour eng Rei Doppingtester absolvéieren. Dës solle vun der "International Test Agency" (ITA) duerchgefouert ginn. Russland war an der Vergaangenheet wéinst staatlech organiséiertem Dopping vun enger Rei internationale Kompetitiounen ausgeschloss ginn a russesch Athlete kruten eng Partie Medailen oferkannt.

D'russesch Regierung huet d'Decisioun vum IOC an enger éischter Reaktioun begréisst. De Sportsminister Michail Degtjarjow huet um Onlinedéngscht Telegram vun engem klore Signal geschwat. D'olympesch Beweegung misst fräi vu Politik bleiwen.

Ob an a wéi wäit d'russesch Sportler tatsächlech nees diere bei Olympia untrieden, hänkt awer och vun den eenzele Sportverbänn of. De Liichtathletik Weltverband "World Athletics" wëll zum Beispill weider un enger kompletter Spär fir alleguer aus Russland a Belarus festhalen.

Wéinst dem Skandal ëm de russesche Staatsdopping duerfte russesch Athlete bei den Olympesche Wanterspiller 2018 nëmmen ënnert dem olympesche Fändel untrieden an net ënnert dem russeschen. Bei de Summerspiller 2021 an de Wanterspiller 2022 si se dann ënnert der Bezeechung "ROC" fir "Russeschen Olympesche Kommitee" ugetrueden. No der russescher Invasioun vun der Ukrain am Februar 2022 huet den IOC dann den Ausschloss vu Sportler aus Russland a Belarus recommandéiert. Duerno goufe si no an no ënner strengen Oplagen an ënner neutralem Fändel nees zougelooss, dat allerdéngs net an de Mannschaftssportaarten.

Den Nationale Russeschen Olympesche Kommitee gouf iwwerdeems am Hierscht 2023 suspendéiert. Dat nodeems en d'Organisatioun vum Sport an de vu Russland annektéieren ukrainesche Gebidder opgeholl huet.

Back to Top
CIM LOGO