
An dat war dann dëse Weekend och net vill anescht. Zwar huet déi portugisesch Nationalekipp virum ausverkaafte Stadion géint Lëtzebuerg gewonnen, ma d’Rout Léiwe musse sech op kee Fall virun hirer Leeschtung verstoppen.
An esou koum et dann och, dass souwuel déi lëtzebuergesch wéi och déi portugisesch Supporter deelweis op hir Käschte koumen.
Ma wien um Enn fir wie gehalen huet, war guer net sou einfach erauszefannen, wéi mir e Sonndeg virum Stadion konnte feststellen.