
Dobäi huet d’UNA mam Vitor Pereira e ganz erfuerenen Trainer rekrutéiert. Ugefaangen als Trainer huet de Vitor Pereira als Spillertrainer bei der CS Millebaach. Duerno si Statiounen zu Sandweiler, Rodange, Mamer a beim US Esch dobäikomm. Zënter der Saison 22/23 ass de Vitor Pereira Trainer zu Steesel.
Mat Steesel steet hien den Ament op der 7. Tabelleplaz an der Éierepromotioun.