Déi lescht Etapp vun der zweeter Tour-Woch féiert vum Jura an d'Departement Haute-Savoie a kéint nach emol fir grouss Ofstänn bei de Favoritten ëm d'Schlussvictoire suergen. Nëmmen d'Etappe 4 an 20 hu méi Héichtemeter. D'Etapp start zu Champagnole a verleeft dann duerch d'Bierger vum Jura. Méi laang flaach Passagë si quasi net existent. Am leschten Drëttel gëtt et dann nach emol richteg schwéier. Als éischt geet et de Col de la Croisette erop. Den nach onbekannte Bierg huet et a sech. Mat nëmmen enger Längt vu 4,7 Kilometer huet en awer eng duerchschnëttlech Pente vun 11,2 Prozent. D'Finall féiert erop op de Plateau de Solaison. Déi final 11,3 Kilometer mat engem Schnëtt vun 9,1 Prozent kéinte fir grouss Ofstänn suergen. Dëse Bierg feiert seng Première beim Tour de France. Ganz onbekannt ass en awer net. Bei der Dauphiné 2022 hat sech de Primoz Roglic uewen aus d'Schlussvictoire geséchert.
15 Etapp - Den Expert Tom Flammang
Mir iwwerdroen de Programm vun RTL op RTL.lu an RTL Play.
Commentaire: Tom Flammang, Kim Kirchen
Weider Infoe vun der 15. Etapp
Mir iwwerdroen de Programm vun RTL op RTL.lu an RTL Play
Commentaire: Tom Flammang a Kim Kirchen
Sonndeg, 19. Juli vu 15:00 - 18:25 Auer:
15. Etapp - Biergetapp - Champagnole > Plateau de Solaison, 183.9 km
Méindeg, 20. Juli:
Roudag - Haute-savoie
Dënschdeg, 21. Juli vu 15:00 - 18:20 Auer:
16. Etapp - Zäitfueren - Évian-les-Bains > Thonon-les-Bains, 26.1 km
Mëttwoch, 22. Juli vu 15:20 - 18:00 Auer:
17. Etapp - flaach Etapp - Chambery > Voiron, 174.7 km
Donneschdeg, 23. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
18. Etapp - Biergetapp - Voiron > Orcières-Merlette, 185.2 km
Freideg, 24. Juli vu 15:30 - 18:15 Auer:
19. Etapp - Biergetapp - Gap > Alpe d'Huez, 127.9 km
Samschdeg, 25. Juli vu 14:00 - 17:00 Auer:
20. Etapp - Biergetapp - Le Bourg d'Oisans > Alpe d'Huez, 170.9 km
Sonndeg, 26. Juli vu 17:00 - 20:25 Auer:
21. Etapp - flaach Etapp - Thoiry > Paris Champs-Élysées, 133 km