
Bei der Triathlon-Course, déi iwwer d'Sprint-Distanz goung an och als Qualifikatioun fir d'Olympesch Spiller zu Los Angeles am Joer 2028 zielt, koum de Lucas Cambresy op der 27. Plaz, den Théo Marti op der 31. an den David Lang op der 47. Plaz un.
No engem schwéiere Schwammen hu sech Cambresy a Marti an engem zweete Grupp erëmfonnt, deen am Laf vum Vëlosparcours mam éischten nees zesummekoum. De Lang war hannendrun an engem drëtte Grupp. Och beim Lafen hunn déi dräi Athleten op d'Zänn gebass a Cambresy a Marti konnte sech um Enn Punkte fir den olympesche Qualifikatiounsranking sécheren. De Marty bleift och an den Top 200 vun der Weltranglëscht.
Hei fannt Dir d'Resultater vun der Course.