Tour de France LIVE: Chambery > VoironDéi siwwenzéngt Etapp vu 15:00 Auer un op der Tëlee, RTL.lu an um RTL Play

RTL Lëtzebuerg
Den TdF live bis e Sonndeg, de 26. Juli um 1. RTL, op RTL.lu, op der App an um RTL Play gëtt d'Course och am Livestream iwwerdroen.

D'Organisateure vum Tour de France hunn déi 174,7 Kilometer vu Chambéry op Voiron als flaach agestuuft. Fir d'Sprinter dierft et awer schwéier ginn. De Wee bis op d'Arrivée ass nämlech alles anescht wéi einfach. Op der 17. Etapp sinn net manner wéi 2.200 Héichtemeter ze fueren. Op den éischte 60 Kilometer waarde véier kategoriséiert Bierger op d'Coureuren (3 x 4. Kategorie an 1x 3. Kategorie). Och duerno geet et hiwweleg weider. Sechs Kilometer virum Zil geet et dann nach emol 2,6 Kilometer mat ronn véier Prozent erop. Mat deem Profil kéint et och en Dag fir eng Echappée ginn.

17 Etapp - Den Expert Tom Flammang

Mir iwwerdroen de Programm vun RTL op RTL.lu an RTL Play.
Commentaire: Tom Flammang, Kim Kirchen

17. Etapp - Chambery > Voiron, 174.7 km (flaach Etapp)

Weider Infoe vun der 17. Etapp

Tour de France: Livestream Programm

Mir iwwerdroen de Programm vun RTL op RTL.lu an RTL Play
Commentaire: Tom Flammang a Kim Kirchen

Mëttwoch, 22. Juli vu 15:20 - 18:00 Auer:
17. Etapp - flaach Etapp - Chambery > Voiron, 174.7 km

Donneschdeg, 23. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
18. Etapp - Biergetapp - Voiron > Orcières-Merlette, 185.2 km

Freideg, 24. Juli vu 15:30 - 18:15 Auer:
19. Etapp - Biergetapp - Gap > Alpe d'Huez, 127.9 km

Samschdeg, 25. Juli vu 14:00 - 17:00 Auer:
20. Etapp - Biergetapp - Le Bourg d'Oisans > Alpe d'Huez, 170.9 km

Sonndeg, 26. Juli vu 17:00 - 20:25 Auer:
21. Etapp - flaach Etapp - Thoiry > Paris Champs-Élysées, 133 km

Back to Top
CIM LOGO