Tour de France LIVE: Mulhouse > Le Markstein FelleringDéi véierzéngt Etapp vu 15:00 Auer un op der Tëlee, RTL.lu an um RTL Play

RTL Lëtzebuerg
Den TdF live bis e Sonndeg, de 26. Juli um 1. RTL, op RTL.lu, op der App an um RTL Play gëtt d'Course och am Livestream iwwerdroen.

Déi 14. Etapp geet iwwer schwéier 155 Kilometer vu Mulhouse op Le Markstein. Kuerz nom Depart geet et déi éischt Schwieregkeet vum Dag erop, de Grand Ballon. D'Strooss féiert iwwer 21,5 Kilometer erop op den 1.336 Meter héije Pass. D'Steigung läit am Schnëtt bei 4,8 Prozent, tëschenduerch sinn et awer och emol 7 bis 8 Prozent. An der Descente geet et eng éischte Kéier iwwer d'Arrivée zu Le Markstein - allerdéngs bleiwen nach 120 schwéier Kilometer ze fueren. Den nächste Bierg ass de Col du Page (9,8 km mit 4,7 %), éier et fir d'Proffien nees de Ballon d'Alsace (8,9 km mit 6,9 %), dee schonn op der 13. Etapp um Programm stoung, erop geet. Virun der Arrivée waart dann nach de Col du Haag. De Bierg vun der éischter Kategorie huet eng Längt vun 11,2 Kilometer mat enger Duerchschnëttssteigung vu 7,3 Prozent. Duerno béien d'Coureuren op d'"Route des Crêtes" of, déi se iwwer net ganz flaach 5,5 Kilometer op d'Arrivée zu Le Markstein bréngt. Eng Etapp, déi den Tadej Pogacar 2023 virum Jonas Vingegaard gewonnen huet.

14 Etapp - Den Expert Tom Flammang

Mir iwwerdroen de Programm vun RTL op RTL.lu an RTL Play.
Commentaire: Tom Flammang, Luc Wirtgen

14. Etapp - Mulhouse > Le Markstein Fellering, 155.3 km (Biergetapp)

Weider Infoe vun der 14. Etapp

Tour de France: Livestream Programm

Mir iwwerdroen de Programm vun RTL op RTL.lu an RTL Play
Commentaire: Tom Flammang a Kim Kirchen

Samschdeg, 18. Juli vu 15:00 - 18:05 Auer:
14. Etapp - Biergetapp - Mulhouse > Le Markstein Fellering, 155.3 km

Sonndeg, 19. Juli vu 15:00 - 18:25 Auer:
15. Etapp - Biergetapp - Champagnole > Plateau de Solaison, 183.9 km

Méindeg, 20. Juli:
Roudag - Haute-savoie

Dënschdeg, 21. Juli vu 15:00 - 18:20 Auer:
16. Etapp - Zäitfueren - Évian-les-Bains > Thonon-les-Bains, 26.1 km

Mëttwoch, 22. Juli vu 15:20 - 18:00 Auer:
17. Etapp - flaach Etapp - Chambery > Voiron, 174.7 km

Donneschdeg, 23. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
18. Etapp - Biergetapp - Voiron > Orcières-Merlette, 185.2 km

Freideg, 24. Juli vu 15:30 - 18:15 Auer:
19. Etapp - Biergetapp - Gap > Alpe d'Huez, 127.9 km

Samschdeg, 25. Juli vu 14:00 - 17:00 Auer:
20. Etapp - Biergetapp - Le Bourg d'Oisans > Alpe d'Huez, 170.9 km

Sonndeg, 26. Juli vu 17:00 - 20:25 Auer:
21. Etapp - flaach Etapp - Thoiry > Paris Champs-Élysées, 133 km

Back to Top
CIM LOGO