Futsal: Champions LeagueDéifferdeng verléiert 2:4 géint Kairat Almaty

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend ass d'Futsal-Ekipp vum FC Déifferdeng 03 an d'Haaptronn vun der Champions League gestart.

Am Optaktmatch huet sech Déifferdeng misse mat 2:4 géint den zweefachen Champions-League-Gewënner Kairat Almaty geschloe ginn. Fir d’Ekipp aus dem Grand-Duché huet de Ruben Reis (10') an de Rojas (20') markéiert.

Nach bis e Sonndeg ass den FCD03 an der Haaptronn vun der Futsal-Champions-League gefuerdert. Dës gëtt a Form vun engem Tournoi zu Palma gespillt. Déi Déifferdenger sinn am Grupp 3. E Freideg den Owend spillt een um 20 Auer géint den Titelverdeedeger Palma an dann e Sonndeg um 16.30 Auer géint Haladas. Déi Déifferdenger mussen ënnert déi dräi éischt Ekippen an hirem Grupp kommen, fir sech fir déi nächst Ronn ze qualifizéieren.

Back to Top
CIM LOGO