Indoor-EkippesportaartenDëse Weekend geet et nees weider an de Championnater

RTL Lëtzebuerg
Allerdéngs musse vun elo u verschidde Reegele wéinst der Corona-Pandemie agehale ginn.

Zum Beispill musse Spiller, déi nach keng Boosterimpfung kruten, virum Match nach ee Schnelltest maachen. Do dernieft muss ee sougenannten “Concept sanitaire” virgeluecht ginn, wa méi wéi 200 Spectateuren an der Hal sinn. An dësen Zäiten ass dat awer éischter d’Ausnam. Dofir ginn et Veräiner, déi vu vir era kee “Concept sanitaire” ufroen. Zum Beispill de Basketclub aus der Fiels, seet de Vice-President vum Club, Luc Kirpach.

Luc Kirpach:Aus deem Grond, well mir dëst Joer net oft iwwer 200 Leit haten. Och well vill Leit net méi kommen an doheem kucken, well se fäerten. Falls mir déi 200 Leit sollte kréie bis op déi leschte Plaz, dann ass eis Hal schonns zimmlech gefëllt. Wat iwwer 200 geet, musse mir ënne laanscht den Terrain opmaachen a Sëtzplazen do installéieren. Mir mengen, datt 200 Leit eng adequat Zuschauerzuel ass, fir datt et net geféierlech gëtt an d’Leit sech net nach onnéideger Weis géifen ustiechen.

De Luc Kirpach

D’Fiels spillt e Samschdeg géint Ettelbréck. Wéinst ze ville positive Coronafäll hunn awer schonns eng ganz Partie Matcher an de verschiddenen Divisioune mussen ofgesot ginn.

Back to Top
CIM LOGO