
D’Politik an Däitschland hat e Mëttwoch de Mëtteg de Wee fräigemaach fir e “Restart” vun der Bundesliga am Mee.
Samschdes, de 16. Mee geet et da mam 26. Spilldag weider. Do dann och d’Partie Düsseldorf géint Paderborn. Bei Paderborn spillt de Lëtzebuerger Laurent Jans. Mam Leandro Barreiro zu Mainz ass nach een zweete Lëtzebuerger den Ament an der Bundesliga am Asaz.
Et bleiwen nach 9 Spilldeeg an aktuell ass Bayern München 4 Punkte virun Dortmund a 5 viru Leipzig.
An aneren europäesche Top-Ligae wéi an England, Spuenien oder Italien ass ee wéinst dem méi uerge Verlaf vun der Pandemie nach méi wäit ewech vun engem Neiufank.
A Frankräich an an Holland sinn d’Championnater schonn ofgebrach ginn.
