BGL LigueDiddeleng klappt Miersch, Hesper gewënnt zu Munneref

RTL Lëtzebuerg
Domat steet Hesper an der Tabell elo op der 2. Plaz. Monnerech deelt sech Punkte mat Rouspert iwwerdeems d'Fola doheem mat 0:1 géint Wolz verléiert.
© Christophe Mersch

Fir d’Suite vum 10 Spilldag spillen ënnert anerem dann och nach Stroossen 1:1-Gläich mat der Escher Jeunesse an tëscht dem Racing an dem Progrès gëtt et och kee Gewënner. Um 18h30 spillt dann nach Käerjeng géint Péiteng.

Hesper ka sech mat 2:0 zu Munnerefduerchsetzen. No der 1. Hallschent stoung et am Stade John Grün awer nach 0:0, dat well de Swift sech schwéier gedoen huet e Wee an der Offensiv géint déi gutt organiséiert Munnerefer ze fannen. Defensiv huet d’Ekipp vum Manuel Correia disziplinéiert verdeedegt, an der Offensiv huet et awer un der néideger Kreativitéit bei der Lokalekipp gefeelt, sou dass béid Formatioune mat engem 0:0-Gläich an d’Kabinne gaange sinn.

Nom Säitewiessel hunn d’Spectateuren een änlecht Bild gewise krut. Munneref stoung hannendran, an huet op méiglech Kontersituatiounen gelauert. An der 63. Minutt sollt den aktuelle Champion de Bann awer du briechen. No engem Kuddelmuddel virum Strofraum ass de Ferrara un de Ball komm, a säi Schoss sollt zum 1:0 fir Hesper an de Filet goen. Keng 10 Minutte méi spéit war et dunn de Scholz deen an der 72. Minutt fir d’Virentscheedung gesuergt huet.

D’Gäscht vum Holleschbierg gewannen deemno viru ronn 400 Spectateure mat 2:0 zu Munneref, a stinn an der Tabell elo op der 2. Plaz, 2 Punkten hannert dem FC Déifferdeng. Fir den Optakt vum 10. Spilldag konnt sech jo schonn e Samschdeg den Owend Déifferdeng kloer mat 5:0 géint Schëffleng duerchsetzen.

Am Owesmatch huet sech Péiteng am Südwest-Derby mat 1:0 zu Käerjeng behaapt. An der éischter Hallschent kruten déi 820 Spectateuren vu béiden Ekippen net vill gebueden a sou goung et mat 0:0 an d’Kabinnen.

Péiteng sollt mat der éischter geféierlecher Aktioun am zweeten Duerchgang den decisive Gol markéieren. Den Abreu huet aus dem Näischt eraus e laange Ball vum Sarr verwäerte kënnen. Am Uschloss hate béid Ekippen nach e puer gutt Aktioune virum Gol, mee méi wéi ee Gol sollt um Käerjenger Dribbel net falen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler

Una Stroossen - Jeunesse Esch 1:1
1:0 Shala (38'), 1:1 Luisi (73')

F91 Diddeleng - Marica Miersch 1:0
1:0 Bojic (45+1')

US Munneref - Swift Hesper 0:2
0:1 Ferrara (63'9, 0:2 Stolz (72')

FC Monnerech - Victoria Rouspert 3:3
0:1 Redekop (12'), 1:1 Delgado (17'9, 2:1 Amadei (19'), 2:2 Carratala-Jimenez (67'), 2:3 Carratala-Jimenez (83'), 3:3 Kaylesiz (90+4')

Racing Union - Progrès Nidderkuer 3:3
0:1 Jarmouni (8'), 1:1 Muratovic (22'), 1:2 Jarmouni (8'), 2:2 Ikene (53'), 3:2 Dewalque (71'), 3:3 Mazure (80')

Fola Esch - FC Wolz 0:1
0:1 Gorny (7')

UN Käerjeng - Titus Péiteng 0:1
0:1 Abreu (56')

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO